Raumfaarttechnik
D'Loft- a Raumfaarttechnik als Deel vun den Ingenieurwëssenschaften an der Verkéierstechnik befaasst sech mat der Entwécklung an dem Betrib resp. mat dem Ënnerhalt vu Fliger, Fluchkierper, Raumgefierter a Satellitten. Dës Systemer ginn ënner Bezuch vun den techneschen, wëssenschaftlechen an ökologeschen Aspekter weiderentwéckelt.
Dobäi gëtt eng méiglechst gënschteg Kombinatioun (Integratioun) vu Komponenten an Deelsystemer ugestrieft. Dës Integratioun erstreckt sech z. B. op
- de strukturellen Opbau vun engem méiglechst liichten Fluchapparat
- déi gënschtegst aerodynamesch Form
- Dreifwierker an hir Ënnersystemer
- Systemer fir Energieversuergung, Steierung, Dateniwwerdroung a Kommunikatioun
- Ënnersystemer vun der Grondausrëschtung, déi Funktioun a Sécherheet garantéieren
- d'Asaz- an d'Notzausrëschtung (ënnerschiddlech jee no Aart an Aufgab vum System)
Jee no Asazprofil kënne weider Ufuerderungen derbäikommen, z. B. an thermescher Hisiicht oder fir de Bedingunge vum Weltraum widerstoen ze kënnen.
Geschicht vun der Loft- a Raumfaarttechnik
[änneren | Quelltext änneren]
Méi Informatioun doriwwer an den Artikelen Aeronautik; Geschicht vun der Loftfaart a(n) Geschicht vun der Raumfaart
Entreprisen an Institutiounen am däitschsproochegem Raum
[änneren | Quelltext änneren]Däitschland
[änneren | Quelltext änneren]- Air Berlin Technik
- Airbus (Duechtergesellschaft vun EADS)
- Astrium GmbH (Duechtergesellschaft vun EADS an Astrium N.V.)
- Bundesverband der Deutschen Luft- und Raumfahrtindustrie
- Deutsche Gesellschaft für Luft- und Raumfahrt
- Deutsches Zentrum für Luft- und Raumfahrt (DLR)
- Diehl Aerospace
- Diehl Aircabin
- EADS
- Eurocopter (Duechtergesellschaft vun EADS)
- Extra Aircraft
- IABG
- Liebherr
- Lufthansa Technik
- MT Aerospace
- MTU Aero Engines
- OHB
- Rheinmetall
- Rockwell Collins
- Rolls-Royce Däitschland
- Saarschmiede GmbH
- Scholz Mechanik GmbH
- Zeppelin Luftschifftechnik
Éisträich
[änneren | Quelltext änneren]Schwäiz
[änneren | Quelltext änneren]Matièren
[änneren | Quelltext änneren]Nieft de Grondlage vum klassesche Maschinnebau wéi Mathematik, Physik, Chimie, Elektrotechnik, Reegelungstechnik, Wierkstoffléier ë. a. gehéieren déi follgend Matièren zum Studium vun der Loft- a Raumfaarttechnik:
- Astronomie
- Gasdynamik
- Loftfaartundriffer resp. Raumfaartundriffer
- Loftfaartmechanik resp. Raumfluchmechanik
- Fligerbau resp. Raumgefiertbau
- Stréimungsléier
- Turbomaschinn
Donieft ginn nach vill weider Walflichtfächer verlaangt, z. B. och aus dem nettechnesche Beräich.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Matthias Blazek: „Vor 75 Jahren begann in Trauen die Forschung in der Luft- und Raumfahrttechnik – Raketenpionier Eugen Sänger arbeitete in der Heide an der Entwicklung schubstarker Antriebe“. Sachsenspiegel 31, Cellesche Zeitung vom 4. August 2012