D'Jeunesse Esch (offiziell A.S. la Jeunesse d'Esch/Alzette) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vun Esch-Uelzecht. De Veräi gouf den 13. August1907 als Football and Lawntennis Club Jeunesse de la frontière Esch/Alzette gegrënnt. 1920 krut de Club säin haitegen Numm.
D'Escher Jeunesse ass ee vun den eelsten, a mat ee vun de renoméierste Lëtzebuerger Foussballclibb. D'Jeunesse war vun Ufank un am nationale Championat mat dobäi (éischt Saison 1909/10) an huet bis op e puer seele Kéieren an der ieweschter Divisioun gespillt. D'Jeunesse ass mat zolittem Virsprong a mat 11 éischte Plazen, Lëtzebuerger Rekordmeeschter.
Déi éischt Veräinsequipe war bis ewell 28-mol Champion a koum 12-mol op eng zweet Tabelleplaz. Déi Escher stoungen och 23-mol an der Finall vun der Coupe de Luxembourg an hu se dovun 12-mol gewonnen. Nëmmen de fréieren Déifferdenger Veräin d'Red Boys huet d'Coupe nach méi dacks (15x) mat heem geholl. Am Ganzen huet d'Jeunesse aacht mol den Doublé (Champion a Coupe) gemaach, och dat ass en nationale Rekord... > méi
... de Magnum bullarium romanum, eng vun de véier grousse Kollektioune vun de Peepst hire Bullen (Ordenanzen) an der Kierchegeschicht, déi vu 1727 u beim Stater Libraire an Editeur André Chevalier erauskoum, dee gréisste Buchprojet vun der Lëtzebuerger Geschicht war?
... mat "Mutz vum Monomach", engem russesche Kascht a Form vun der traditioneller Kroun vun de Groussfürsten an den éischten Zaren, souwuel eng Fleesch-Mayonnaise-Zalot wéi och e Friichtekuch gemengt ka sinn?
... Luxembourgit e Mineral ass, dat zu Lëtzebuerg entdeckt gouf?
... de Bernard Molitor (1755-1833) e lëtzebuergesche Konschtschräiner war, dee sech zu Paräis en Numm gemaach hat, an zäitweileg Fournisseur de la Cour impériale war?
... en Dag op der Venus méi laang dauert wéi e Venus-Joer? Se brauch knapps 225 Äerd-Deeg fir en Ëmlaf ëm d'Sonn, mä hirer 243 fir eng Rotatioun ëm hir eegen Achs.