Fruktos
Fruktos | |
---|---|
Systemateschen Numm (IUPAC) | Fruktos |
Trivialen Numm | Fruuchtzocker |
Cheemesch Formel | C6H12O6 |
Ausgesinn / Geroch | wäisse kristallege Feststoff |
Eegenschaften | |
Dicht | 1,65 g/cm³ |
Léislechkeet | gutt am Waasser an am Aceton |
Agregatzoustand | fest |
Molmass | 180,16 g/mol |
Schmëlzpunkt | 100-104 °C |
Thermodynamesch Daten | |
Weideres |
Fruktos (oder Fruuchtzocker) ass en Eefachzocker (oder Monosaccharid), dee séiss schmaacht an deen am Hunneg an am Uebst virkënnt. En ass awer och e Bestanddeel vu verschiddenen Zockeraarten an ass och als Séissmëttel ze brauchen.
Eegenschaften
[änneren | Quelltext änneren]Am Verglach zur Glukos, gëtt d'Fruktos nëmme ganz lues vum Dënndaarm resorbéiert. De Bluttzockerspigel geet dofir ganz lues an d'Luucht.
Virdeel vum Fruuchtzocker ass, datt fir de Stoffwiessel keen Insulin gebraucht gëtt an dofir vun Diabeetiker benotzt ka ginn. Trotzdeem soll de Fruuchtzocker vun Diabetes mellitus Patienten a Moosse geholl ginn, well een Deel dovun, vun der Liewer a vun den Nieren a Glukos ëmgewandelt gëtt.
Gesondheetswäert
[änneren | Quelltext änneren]De Fruuchtzocker ass och net méi gesond wéi den einfachen Haushaltszocker, well geneesou vill Energie a keng wichteg Nierstoffer dra sinn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Fructose – Biller, Videoen oder Audiodateien |