18. Oktober
Ausgesinn
<< | Oktober | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | |
7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 |
14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 |
21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 |
28 | 29 | 30 | 31 | |||
2024 |
Den 18. Oktober ass den 291. Dag (292. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1356: Basel an aner Uertschaften an der Géigend ginn duerch en Äerdbiewen zerstéiert; dat stäerkst zanter Mënschegedenken an Zentraleuropa.
- 1685: Mam Edikt vu Fontainebleau revoquéiert de Louis XIV. den Edikt vun Nantes.
- 1748: Mam Traité vun Oochen kënnt den Éisträicheschen Ierffollegkrich op en Enn.
- 1793: D'Vendéens kommen iwwer d'Loire zu Saint-Florent-le-Vieil; Ufank vun der Virée de Galerne.
- 1977: E Spezialkommando vun der däitscher GSG9 befreit zu Mogadischu den entfouerte Fliger Landshut.
- 1989: Den Egon Krenz léist den Erich Honecker als Staats- a Parteichef vun der DDR of.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 1894: De Paschtouer Martin Blum grënnt Ons Hémécht, Veräin fir lëtzebuergesch Geschicht, Literatur a Konscht an domat och d'Zäitschrëft mam selwechten Numm.
- 1896: Zu Iechternach gi fir d'éischt zu Lëtzebuerg Filmer gewisen, ë. a. L'arrivée d'un train en gare vun de Bridder Lumière.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Astronomie
[änneren | Quelltext änneren]- 1784: Den däitsch-britteschen Astronom Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt d'Balkespiralgalaxie NGC 95.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1988: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:2 géint Tschechoslowakei.[1]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Heinrich von Kleist
-
Melina Mercouri
-
Chuck Berry
-
George C. Scott
-
Martina Navratilova
- 1663: Eugen von Savoyen, Feldhär vun der Habsburgermonarchie a Mäzen.
- 1706: Baldassare Galuppi, italieenesche Komponist.
- 1722: Johann Eberhard Jungblut, lëtzebuergesche Paschtouer.
- 1777: Heinrich von Kleist, däitsche Schrëftsteller.
- 1831: Friedrich III., Keeser vun Däitschland a Kinnek vu Preisen.
- 1842: Anne Pescatore, Molerin
- 1901: Ferdinand Gremling, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1902: Alfred Loesch, lëtzebuergeschen Affekot.
- 1905: Félix Houphouët-Boigny, éischte President vun der Republik Côte d'Ivoire.
- 1907: Victor Klees, lëtzebuergesche Waasserballspiller, Olympionik a Foussballspiller.
- 1918: Konstantinos Mitsotakis, griichesche Politiker a Regierungschef.
- 1920: Melina Mercouri, griichesch Schauspillerin a Politikerin.
- 1924: Georges Géret, franséische Schauspiller.
- 1925: Ramiz Alia, albanesche Politiker a Staatschef.
- 1926: Chuck Berry, US-amerikanesche Museker.
- 1926: Klaus Kinski, däitsche Schauspiller.
- 1927: George C. Scott, US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur a Produzent.
- 1928: Colette Probst-Wurth, lëtzebuergesch Keramikerin.
- 1930: Michel Drach, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1934: Inger Stevens, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1935: Jerry Darnelle, lëtzebuergeschen Zauberkënschtler.
- 1941: André Hoffmann, lëtzebuergesche Politiker.
- 1955: André Zwally, lëtzebuergesche Lokalpolitiker, Gewerkschaftler a Foussballspiller.
- 1956: Martina Navrátilová, Tennisspillerin.
- 1957: Catherine Ringer, franséisch Kënschtlerin a Sängerin.
- 1963: Claude Ernster, lëtzebuergesch Molerin.
- 1972: Karl Nehammer, éisträichesche Politiker.
- 1976: Dirk Bockel, lëtzebuergeschen Triathleet.
- 1977: Ken Jean-Pierre Diederich, lëtzebuergesche Basketballspiller an -trainer.
- 1979: Ne-Yo, US-amerikanesche Museker, Schauspiller an Dänzer.
- 1987: KIm Bruck, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 1990: Stefan Zachäus, lëtzebuergeschen Triathleet an Olympionik.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1541: Margaret Tudor, Kinnigin vu Schottland.
- 1793: Charles Melchior Artus de Bonchamps, franséischen Adelegen a Kommandant vun der Arméi vun der Vendée.
- 1819: Franz Xaver Gewey, éisträichesche Beamten, Schauspiller a Schrëftsteller.
- 1845: Jean-Dominique Cassini, franséischen Astronom a Kartograph.
- 1883: Charles-Théodore André; Politiker, Jurist an Auteur.
- 1883: Pierre Stehres, lëtzebuergesche Geeschtlechen an éischten Direkter vum Progymnase zu Dikrech.
- 1883: Édouard Albert Roche, franséischen Astronom a Mathematiker.
- 1893: Charles Gounod, franséische Komponist.
- 1931: Thomas Alva Edison, US-amerikaneschen Erfinder.
- 1934: François Gonnessiat, franséischen Astronom.
- 1955: José Ortega y Gasset, spuenesche Philosoph, Soziolog a Schrëftsteller.
- 1965: Henry Travers, englesche Schauspiller.
- 1977: Jan-Carl Raspe, Gudrun Ensslin an Andreas Baader, Membere vun der Rote Armee Fraktion.
- 1977: Hanns-Martin Schleyer, däitsche Manager, Patronatspresident.
- 1980: Denise Probst-Massin, belsch-lëtzebuergesch Kënschtlerin.
- 1982: Pierre Mendès France, franséische Politiker.
- 1995: Claudio Brook, mexikanesche Schauspiller.
- 1995: Franco Fabrizi, italieenesche Schauspiller.
- 2000: Julie London, US-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
- 2005: William Evan Allan, leschten australesche Veteran aus dem Éischte Weltkrich
- 2017: Danielle Darrieux, franséisch Schauspillerin.
- 2024: François Colling, lëtzebuergesche Politiker.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 18. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien |