14. Oktober
Ausgesinn
<< | Oktober | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | |
7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 |
14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 |
21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 |
28 | 29 | 30 | 31 | |||
2024 |
De 14. Oktober ass den 287. Dag (288. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1066: Schluecht vun Hastings.
- 1872: A Japan geet déi éischt Eisebunnsstréck tëscht Tokio a Yokohama op.
- 1899 Am geheime Vertrag vu Windsor tëscht Groussbritannien a Portugal erkennen déi zwou Natioune géigesäiteg hir Propriétéiten an Afrika un.
- 1910: Den englesche Fligerpilot Claude Grahame-White lant mat sengem Farman III-Doppeldecker op der deemoleger Executive Avenue zu Washington D.C. net wäit ewech vum Wäissen Haus. De Pilot gouf festeholl an d'Press huet eng Sensatioun draus gemaach.
- 1912: Dat ëmstriddent Schoulgesetz trëtt zu Lëtzebuerg a Kraaft.
- 1947: Den Chuck Yeager durchbrécht als éischte Pilot d'Schallmauer mat enger Bell X-1 op enger Héicht vu 15.000 Meter.
- 1964: De Nikita Chruschtschow gëtt als Staatschef vun der UdSSR a Generalsekretär vun der KPdSU gestierzt. Säin Nofollger gëtt de Leonid Breschnew.
- 1964: De Martin Luther King kritt de Friddensnobelpräis.
- 1969: Den Olof Palme gëtt schweedesche Premierminister.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1956: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 6:4 géint d'Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Henri Cirelli, ee belsche Spiller (Selbstgol), Léon Letsch, Albert Schaack (2) an Nicolas Kettel geschoss.[1]
- 1962: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint d'Belsch.[2]
- 1970: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1972 0:2 géint Jugoslawien.[3]
- 1981: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Valencia 0:3 géint Spuenien.[4]
- 1986: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1988, 0:6 géint d'Belsch.[5]
- 1998: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2000, 0:3 géint England.[6]
- 2009: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Athen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 1:2 géint Griicheland. Och de Gol fir d'Lëtzebuerger gouf vun engem griichesche Spiller geschoss (Selbstgol).[7]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
James II./VII.
-
Dwight D. Eisenhower
-
Lillian Gish
-
E. E. Cummings
-
Roger Moore
- 1633: James II., Kinnek vun England an als James VII. Kinnek vu Schottland.
- 1563: Jodocus Hondius, flammännesche Kartograph, Editeur a Globusfabrikant.
- 1809: Nicolas Liez, Moler a Lithograph.
- 1856: Louis-Gustave Binger, franséischen Offizéier, Explorateur a Gouverneur.
- 1861: Joseph Dahlmann, däitsche Jesuittepater an Orientalist.
- 1877: Joseph Oth, lëtzebuergesche Professer a Moler.
- 1890: Dwight D. Eisenhower, US-amerikanesche Generol a Politiker.
- 1890: Louis Delluc, Novellist, Kritiker a Filmregisseur.
- 1893: Lillian Gish, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1894: E. E. Cummings, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 1894: Heinrich Lübke, däitsche Politiker, Bundespresident.
- 1900: Georges Wagner, lëtzebuergesche Politiker.
- 1901: Georges Lampin, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Filmregisseur.
- 1904: Henri Koch, lëtzebuergesche Bobfuerer.
- 1906: Hannah Arendt, däitsch-US-amerikanesch Politologin.
- 1907: Paul Elvinger, lëtzebuergesche Politiker.
- 1918: François Decker, lëtzebuergeschen Historiker.
- 1925: Georges Erasme Muller, lëtzebuergeschen Neurolog an Auteur.
- 1927: Roger Moore, brittesche Schauspiller.
- 1927: Numa Wagner, lëtzebuergesche Jurist a fréiere Member vum Staatsrot.
- 1928: Edmond Jacobs, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1928: Edith Hancke, däitsch Schauspillerin.
- 1930: Carlo Hury, lëtzebuergeschen Historiker an Archivist.
- 1930: Mobutu Sese Seko, President vum Zaire.
- 1931: Fabrizio Cocchia, italieeneschen Architekt.
- 1944: Udo Kier, däitsche Schauspiller.
- 1946: François Bozizé, Zentralafrikanesche President.
- 1958: Benny Reiter, lëtzebuergesch Foussballspiller a Foussballtrainer.
- 1971: Frédéric Guesdon, franséische Vëlossportler.
- 1971: Jyrki Katainen, finnesche Politiker.
- 1987: Claudio Lombardelli, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1989: Mia Wasikowska, australesch Schauspillerin.
- 1996: Mika Herrmann, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 1999: Eric Weber, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1066: Harold II., Kinnek vun England.
- 1831: Jean-Louis Pons, franséischen Astronom.
- 1944: Erwin Rommel, däitsche Generolfelmarschall.
- 1959: Errol Flynn, australesch-US-amerikanesche Schauspiller.
- 1967: Marcel Aymé, franséische Schrëftsteller.
- 1977: Bing Crosby, US-amerikanesche Sänger a Schauspiller.
- 1980: Jean-François Adam, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 1984: Martin Ryle, brittesche Radioastronom a Physik-Nobelpräisdréier.
- 1990: Leonard Bernstein, US-amerikanesche Komponist an Dirigent.
- 1990: Mars Schmit, lëtzebuergesche Konschtprofesser a Moler.
- 1994: Gab Weis, lëtzebuergesche Comiczeechner.
- 2006: Freddy Fender, US-amerikanesche Countrysänger.
- 2007: Raymond Pellegrin, franséische Schauspiller.
- 2010: Benoît Mandelbrot, franséisch-US-amerikanesche Mathematiker.
- 2016: Pierre Étaix, franséische Filmregisseur a Schauspiller.
- 2018: Roger Quaino, lëtzebuergesche Varieté-Kënschtler.
- 2020: Rhonda Fleming, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 2022: Robbie Coltrane, brittesche Schauspiller.
- 2022: Ralf Wolter, däitsche Schauspiller.
- 2023: Piper Laurie, US-amerikanesch Schauspillerin.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 14. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch de 14. Oktober 1956 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch vum 14. Oktober 1962 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Jugoslawien de 14. Oktober 1970 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Spuenien-Lëtzebuerg de 14. Oktober 1981 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch de 14. Oktober 1986 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-England de 14. Oktober 1998 op der Websäit vum European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Griicheland-Lëtzebuerg de 14. Oktober 2009 op der Websäit vum European Football