Viviane Loschetter
Viviane Loschetter | |
---|---|
Gebuer |
10. Abrëll 1959 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | déi gréng |
D'Viviane Loschetter, gebuer den 10. Abrëll 1959 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (déi gréng). Si ass 1998 der grénger Partei bäigetruede vun där si vun 2013 bis 2018 Fraktiounspresidentin war. Vu Beruff ass si Educatrice graduée.
Theemen
[änneren | Quelltext änneren]Fir d'Viviane Loschetter gehéiert zum gréngen Ur-Theema, dem Schutz vun der Natur, och alle Mënsche gläichwäerteg Liewensverhältnesser z'erméiglechen. Aner wichteg Punkte fir d'Politikerin sinn eng sozial gerecht Politik fir den Aarbechtsmaart a Chancëgläichheet fir Mann a Fra.[1]
Gemengepolitik
[änneren | Quelltext änneren]Si ass zanter dem 1. Januar 2000 an der Stad Lëtzebuerg am Gemengerot an zanter dem 28. November 2005 am Schäfferot.[2]
Landespolitik
[änneren | Quelltext änneren]D'Viviane Loschetter war zanter de Chamberwale vum 13. Juni 2004 als Deputéiert aus dem Walbezierk Zentrum an der Chamber. Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 an deene vum 20. Oktober 2013 gouf si erëmgewielt. Bei de Chamberwale vum 14.Oktober 2018 huet si net méi fir d'Chamber kandidéiert.
Si war Presidentin vun der Commission juridique an der Chamber.[3]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2014)[4].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Säit vun der Viviane Loschetter op greng.lu Archivéiert de(n) 04.03.2016. Gekuckt de(n) 29.06..2015.
- ↑ Säit vun der Viviane Loschetter bei der Stad Lëtzebuerg Archivéiert de(n) 2013-07-28. Gekuckt de(n) 2013-04-18.
- ↑ Säit vun der Viviane Loschetter op chamber.lu
- ↑ « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/