Nothing Special   »   [go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Timor

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Timor
Geographie
Kontinent Asien
Land Indonesien, Timor-Leste
Läit an/am Timormier
Gehéiert zu Timorarchipel
Koordinaten 9°5'S, 125°5'O
Fläch 30.777 km²
Längt 476 km
Breet 102 km
Héchste Punkt Tatamailau ()
Verwaltung
Demographie
Awunner 3.368.735
Awunnerdatum 2023
Aner Informatiounen


Timor ass ass eng gedeelt Insel am Timormier vum Indeschen Ozean. Se gehéiert zum Malayseschen Archipel an ass mat 30.459 km²[1] déi gréisst an déi ëstlechst vun de Klenge Sundainselen.

Timor huet ongeféier 3,369 Milliounen Awunner.

D'Insel ass 476 km laang, awer nëmmen héchstens 102 km breet an erstreckt sech a west-ëstlecher Richtung.

Timor läit ronn 1.100 km westlech vun der Insel Neuguinea an 600 km nërdlech vun Australien

Politesche Status

[änneren | Quelltext änneren]

D'Insel ass politesch an zwee gedeelt:

Den ëstlechen Deel vun der Insel bilt den onofhängege Staat Timor-Leste (och nach Osttimor), zu deem och nach d'Exklave Oe-Cusse Ambeno am westlechen Deel grad ewéi déi zwou kleng Inselen Atauro a Jaco gehéieren. Timor-Leste ass 14.609 km²[1] grouss an huet ongeféier 1,357 Milliounen Awunner[2]. D'Haaptstad vun Osttimor ass Dili.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Timor-Leste.

Westtimor (Indonesien)

[änneren | Quelltext änneren]

De westlechen Deel vun der Insel, Westtimor (Indoneesesch:Timor Barat) gehéiert, grad ewéi all déi aner Gebidder vun de Klenge Sundainselen, zu Indonesien. Westtimor ass en Deel vun der indoneesescher Provënz Nusa Tenggara Timur, huet eng Fläch vu 15.850 km² [1]an 2,012 Milliounen Awunner[3]. D'Haaptstad ass Kupang.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Westtimor.

Commons: Timor – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. 1,0 1,1 1,2 (en)Timor | Island, Malay Archipelago, History & Culture | Britannica. www.britannica.com. Gekuckt de(n) 2023-08-23.
  2. (en)East Timor Facts | Britannica. www.britannica.com. Gekuckt de(n) 2023-08-23.
  3. (en)West Timor. academic-accelerator.com Archivéiert de(n) 2023-08-23. Gekuckt de(n) 23.08.2023.