Sergei Wladimirowitsch Michalkow
Ausgesinn
Sergei Wladimirowitsch Michalkow | |
---|---|
Gebuer |
28. Februar 1913 jul. Moskau |
Gestuerwen |
27. August 2009 Moskau |
Nationalitéit | UdSSR, Russescht Keeserräich, Russland |
Aktivitéit | Dramatiker, Dréibuchauteur, Dichter, Schrëftsteller, Kannerbuchauteur, Science-Fiction-Schrëftsteller, Liddertexter, Lidderschreiwer, Politiker, Prosaist, Publizist, Krichskorrespondent, Persoun vum ëffentleche Liewen, Iwwersetzer |
Partei | Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun |
Member vun | Schrëftstellerverband vun der UdSSR |
De Sergei Wladimirowitsch Michalkow (ru: Сергей Владимирович Михалков, wëss. Transliteratioun Sergej Vladimirovič Michalkov) gebuer den 12. Mäerz (de 27. Februar nom Julianesche Kalenner) 1913 zu Moskau a gestuerwen de 27. August 2009 och do, war e russesche Schrëftsteller.
Hie war den Auteur vu Kannerbicher, Gedichter an aneren Texter. Bekannt ass e virun alem dofir, datt en den Text fir déi sowjetesch Nationalhymn geschriwwen hat. Hie war e grousse Bewonnerer vum Stalin.
An den 1990er Joren huet hien den Text nei geschriwwe fir en onofhängegt Russland, awer ëmmer op där nämmlechter Melodie.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Sergey Mikhalkov – Biller, Videoen oder Audiodateien |