NGC 40
Ausgesinn
Date vum NGC 40 | |
---|---|
Stärebild | Cepheus (Cep)
|
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Rektaszensioun | 0h 13m 1,05s |
Deklinatioun | +72° 31' 19,6" |
Ausgesinn | |
Niwweltyp | Planetareschen Niwwel |
Visuell Magnitude (visuell) | +12,3 m |
Zentralstär | 11,6m |
Wénkelduerchmiesser | 38" × 25" |
Flächenhellegkeet | |
Physikalesch Date | |
Gehéiert zu der | Mëllechstrooss |
Distanz | 3500 Liichtjoer |
Absolut Hellegkeet | |
Absolutten Duerchmiesser | 0,6 Liichtjoer |
Mass | |
Katalogbezeechnungen | |
NGC 40, PK 120+9.1, CS=10.6, GC 20, h 8, H 4. 58., Zentralstär: HD 826 |
Den NGC 40 ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Cepheus. De Stär dee säi baussenzege Mantel ofgestouss huet, huet eng Temperatur vu 50000 Grad Celsius op an huet ongeféier d'Gréisst vun der Äerd. Dësen Zentralstär huet eng fir wäiss Zwergen typesch enorm héich Dicht an domat trotz dem klengen Duerchmiesser ronn 70 % Sonnemass. D'Gasen, déi ronderëm sinn, hunn eng Temperatur vun 10000 Grad Celsius. Den Alter vum NGC 40 gëtt op zirka 4.500 Joer geschat, woubäi sech seng Gaswolleken ëmmer nach mat ronn 29 km/s ausdehnen.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]De planetareschen Niwwel NGC 40 gouf de 25. November 1788 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: NGC 40 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Artikel a Biller zu NGC 040 op wikisky.org
- (en) Chandra
- (en) NOAO
- (de) [1]
- (de) GoBlack
- (en) NASA/IPAC EXTRAGALACTIC DATABASE