Michel Sinner
Ausgesinn
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Michel Sinner | |
---|---|
Gebuer |
5. November 1826 Ettelbréck |
Gestuerwen |
11. Juni 1882 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
De Michel Sinner, gebuer de 5. November 1826 zu Ettelbréck, an och do gestuerwen den 11. Juni 1882, war e lëtzebuergesche Moler, deem säin Haaptinteressi beim Schafe vu Portraiten a Karikature louch.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Michel Sinner huet de franséischen Auteur Victor Hugo perséinlech getraff an him eng Rei Portraite presentéiert, déi a Fro kéime fir d'Illustratioun vum Roman "Les Misérables" ze maachen. Zu sou enger Zesummenaarbecht sollt et awer net kommen: De Victor Hugo a seng Editeuren hate sech schonn op aner Kënschtler festgeluecht.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- La mort de Jean l'Aveugle, ëm 1845, Ueleg op Léngen, 116 cm × 172 cm, Musée national d'histoire et d'art, Stad Lëtzebuerg
Kollektiounen
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Ettelbréck huet en ettlech Tableaue vum Michel Sinner an hirem Besëtz, och dee vum Cosette (Les Misérables), deen hie fir de Victor Hugo gemoolt hat.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Anonym, 1963. Étapes de la peinture luxembourgeoise. 19e siècle: [Exposition] du 1er au 16 juin 1963. Musée d'histoire et d'art, Luxembourg. Impr. Linden, Luxembourg. Follgend Artiste gi behandelt: Jean-Baptiste Fresez, Mathieu Kirsch, Hilaire Kreins, Jacques Sturm, Jean-Nicolas Bernard, Nicolas Liez, Jean-Auguste Marc, Pierre Brandebourg, Michel Sinner, Michel Engels, Michel Weyler, Frantz Seimetz, Thérèse Glaesener-Hartmann, Ferdinand d'Huart, Jean-Pierre Huberty, Alphonse Jungers, Dominique Lang
- Frank Wilhelm, 2003. Victor Hugo et le peintre Michel Sinner. De Reider: Informatiounsblad vun der Gemeng Ettelbréck Nr. 31: 28-37. Ettelbrück.
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]-
Zwou Jofferen
-
De Bauer an de Jäer
-
De Mann mat der Päif
-
De Fëscher mat Fra
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Michel Sinner – Biller, Videoen oder Audiodateien |