Metting
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Moselle | ||||
Arrondissement | Sarrebourg-Château-Salins | ||||
Kanton | Phalsbourg | ||||
Postcode | 57370 | ||||
Gemengecode | 57462 | ||||
Koordinaten | 48° 48’ 48’’ N 07° 12’ 46’’ O | ||||
Fläch | 521 ha | ||||
Bevëlkerung | 385 (2016) |
Metting ass eng franséisch Gemeng am Museldepartement an der Regioun Grand Est.
Si gehéiert zur Communauté de Communes du Pays de Phalsbourg a läit am westlechen Deel vun de Vogesen.[1]
Numm
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm huet germanesch Wuerzelen a kënnt vun enger Persoun, déi Matto geheescht huet. Do ass dann -ingen oder -ing dru gehaange ginn. Déi zwou Alternativen hu sech ofgewiesselt: sou gëtt d'Uertschaft an Dokumenter 1791 an tëscht 1871 an 1918 Mettingen genannt, an 1793 just als Metting bezeechent.
Op Franséisch ginn d'Awunner Mettingeois a Mettingeoises genannt.[1]
Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]Zënter 1793 gëtt an der Gemeng reegelméisseg d'Bevëlkerung gezielt. 2016 hunn zu Metting 385 Leit gewunnt. Dat waren der 6,94% méi wéi 2011.
-
D'Entwécklung vun der Bevëlkerung tëscht 1962 an 2008
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Zu Metting gëtt et eng Baach déi einfach Ruisseau de Metting genannt gëtt an den Haaptwaasserlaf an der Gemeng ass.[1]
Am Schnëtt läit Metting op enger Héicht vun 260 Meter.[1]
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
De jiddesche Kierfecht vu Metting
-
D'protestantesch Kierch
-
D'kathoulesch Kierch
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Moselle
- Arrondissementer am Departement Moselle
- Kantonen am Departement Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Moselle
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 paysdephalsbourg.fr: Presentatioun vu Metting um Site vun der Communauté de Communes du Pays de Phalsbourg (gekuckt de 15. Februar 2019