Nothing Special   »   [go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Maurice Ravel

Vu Wikipedia
Maurice Ravel
Gebuertsnumm Joseph Maurice Ravel
Gebuer 7. Mäerz 1875
Ciboure
Gestuerwen 28. Dezember 1937
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Dirigent, Pianist, Komponist

De Joseph-Maurice Ravel, gebuer de 7. Mäerz 1875 zu Ciboure (Basse-Pyrénées), a gestuerwen den 28. Dezember 1937 zu Paräis, war e franséische Komponist.

Als Jong vun engem Fransous an enger Baskin, huet de Maurice Ravel a senge Wierker d'Eleganz vun de franséische Forme mat enger grousser Fantasie, déi un déi spuenesch Volleksmusek erënnert, verbonnen.

No Studien um Paräisser Conservatoire huet de Ravel sech a spéidere Joren an e klengt Duerf zeréckgezunn, wou hie just komponéiert huet.

Hie gëllt nieft dem Claude Debussy als de wichtegste Vertrieder vum franséischen Impressionismus. Doriwwer eraus gouf hien duerch d'Abanne vu moderne Musekselementer wéi Blues an Jazz ee vun de bekanntste Komponisten.

Wierker (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Miroirs (1905)
  • Gaspard de la nuit (1908)
  • Rhapsodie espagnole (1907)
  • La valse (1920)
  • Boléro (1928)
  • L'heure espagnole (Oper) (1907)
Commons: Maurice Ravel – Biller, Videoen oder Audiodateien