Nothing Special   »   [go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Leopold II. (HRR)

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Leopold II.
Titelen
Groussherzog vun der Toskana
Zäit vu 1765 bis 1790
Virgänger Franz I. Stephan
Nofollger Ferdinand III.
Keeser vum Hellege Réimesche Räich
Zäit 1700 bis 1792
Virgänger Joseph II.
Nofollger Franz II.
Biographie
Gebuer 5. Mee 1747
Wien
Gestuerwen 1. Mäerz 1792
Wien
Papp Franz I. Stephan
Mamm Maria Theresia vun Éisträich
Geschwëster Ferdinand Karl vun Éisträich-Este, Karl Joseph vun Éisträich, Joseph II., Maximilian Franz vun Éisträich, Maria Karolina vun Éisträich, Maria Christina vun Éisträich, Maria Anna vun Éisträich, Maria Elisabeth vun Éisträich, Maria Amalia vun Éisträich, Maria Elisabeth vun Éisträich, Johanna Gabriele vun Éisträich, Maria Karolina vun Habsburg, Marie-Antoinette vun Éisträich, Maria Karolina vun Éisträich, Maria Josepha vun Éisträich
Kanner Franz II. (HRR), Karel vun Éisträich-Teschen

De Leopold II., och nach Leopold vun Habsburg-Loutrengen, gedeeft als Petrus Leopoldus Ioannes Antonius Joachim Pius Gotthardus, gebuer de 5. Mee 1747 zu Wien, an och do gestuerwen den 1. Mäerz 1792, war vu 1765 bis 1790 (als Peter Leopold) Groussherzog vun der Toskana a vu 1790 bis zu sengem Doud réimesch-däitsche Keeser an ë. a. och Kinnek vu Béimen, Ungarn, Kroatien a Slawonien, Äerzherzog vun Éisträich an Herzog vu Lëtzebuerg.

Hie war dat néngt Kand vum réimesch-däitsche Keeser Franz I. Stephan an der Äerzherzogin Maria Theresia vun Éisträich.

De Leopold huet sech de 5. August 1765 zu Innsbruck mat der Infantin Maria Ludovica (1745–1792) bestuet, enger Duechter vum Kinnek Karl III. vu Spanien. D'Koppel krut 16 Kanner, dorënner den eelste Bouf Franz II. Joseph Karl (1768–1835), de leschte réimesch-däitsche Keeser an als Franz I., den éischte Keeser vun Éisträich.

Commons: Leopold II. (HRR) – Biller, Videoen oder Audiodateien