Nothing Special   »   [go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Jean Fischbach

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean Fischbach
Gebuer 11. Januar 1803
Gestuerwen 7. September 1877
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lokalpolitiker, Bauer

De Jean Fischbach, gebuer den 11. Januar 1803[1], a gestuerwen de 7. September 1877[Source?], war e Leidelenger Bauer, deen am August 1856 zum éischte Buergermeeschter vun der Gemeng Leideleng ernannt gouf,[2] déi den 1. Juli 1856 duerch d'Gesetz vum 3. Mäerz 1856 gegrënnt gi war. Den 2. Juni 1856 waren déi éischt Gemengerotswalen zu Leideleng.

No de Wale vun 1861 ass hien an de Gemengerot gewiesselt. Hie blouf Member vum Gemengerot bis de 4. Oktober 1877.[3]

No him genannt

[änneren | Quelltext änneren]
Stroosseschëld Jean Fischbach L-3372 Leideleng am "Bann"

Zu Leideleng ass eng Strooss (Rue Jean-Fischbach, L-3372) an der Industriezon "Am Bann" no him genannt ginn, do wou ë. a. och de Siège vun der LALUX ass.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Antrag am Matrikelbuch
  2. Memorial vum 2.9.1856, 2. Deel, S. 355
  3. Administration communale de Leudelange, Gemeng Leideleng 1856-1996, Imprimerie Saint-Paul 1997, 255 S. ISBN 2-9599931-0-1