Nothing Special   »   [go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Kanton Capellen

Vu Wikipedia
Kanton Capellen
Land Lëtzebuerg
Chef-lieu Capellen
Fläch 199,21 km²
Awunner 54.352

De Kanton Capellen ass ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen. E läit am Südweste vum Land. Haaptuert vum Kanton ass d'Uertschaft Capellen, déi eenzeg Uertschaft am Land déi Kantonalhaaptuert ass, ouni de Sëtz vun enger Gemeng ze sinn.

De Kanton grenzt am Norden un d'Kantone Réiden a Miersch, am Osten un de Kanton Lëtzebuerg, am Süden un de Kanton Esch-Uelzecht an am Westen un déi belsch Provënz Lëtzebuerg.

Déi 9 Gemengen am Kanton sinn:

Kanton Capellen
LAU-Code Gemeng Fläch (km²)[1][2]
LU0101 Dippech 17,42
LU0102 Garnech 20,95
LU0103 Habscht 32,51
LU0104 Käerjeng 33,67
LU0105 Kielen 28,18
LU0106 Käerch 18,88
LU0107 Koplescht 7,90
LU0108 Mamer 27,54
LU0110 Stengefort 12,16
Fläch vum Kanton 199,21
  • Organisatiouns-Comité vun der Kantonalfeier op der Cap, den 11. Juni 1939, Der Kanton Capellen - Festschrift zur Zentenarfeier der Unabhängigkeit Luxemburgs 1839-1939 ; Lëtzebuerg (Dréckerei St. Paulus), 1939; 344 Säiten.
  • (28 verschidden Auteuren) Kanton Capellen ; Sonnernummer vun nos cahiers, 24. Joer - 2003, Nr. 3/4; 447 Säiten (ill.), = 27 Bäiträg.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Subdivisions territoriales (Situation au 1er janvier 2018). lustat.statec.lu (01.01.2018). Gekuckt de(n) 20.11.2022.
  2. Population par canton et commune; Densité de la population par canton et commune. lustat.statec.lu (01.01.2023). Gekuckt de(n) 11.05.2023.