Nothing Special   »   [go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 2021

Vu Wikipedia
65. Eurovision Song Contest
Motto Open Up (Maach op)
Datum 18. Mee 2021 (éischt Halleffinall)
20. Mee 2021 (zweet Halleffinall)
22. Mee 2021 (Finall)
Gaaschtland Holland
Stad Rotterdam
Gebai Ahoy Arena
Rotterdam Ahoy
Organisateur NPO, NOS, AVROTROS
Moderatioun Chantal Janzen
Edsilia Rombley
Jan Smit
Nikkie de Jager
Executive Supervisor Martin Österdahl
Opening Act Halleffinall 1: Duncan Laurence: Feel Something
Halleffinall 2: Redo an Eefje de Visser: Forward Unlimited
Finall: Fändelparad vun de 26 Finaliste mat Musek vum Pieter Gabriel & Eric van Tijn
Interval Act Halleffinall 1: Davina Michelle an Thekla Reuten: The Power of Water
Halleffinall 2: Opféierunge vum Balletdänzer Ahmad Joudeh a BMX Coureur Dez Maarsen: Close Encounter of a Special Kind
Finall: Duncan Laurence: Stars an Arcade
Afrojack, Glennis Grace a Wulf: Music Binds Us
Optrëtter vu fréiere Gewënner op den Diech vu Rotterdam (Rock the Roof):
- Lenny Kuhr: De Troubadour
- Teach-In mam Getty Kaspers: Ding-A-Dong
- Sandra Kim: J’aime la vie
- Helena Paparizou: My Number One
- Lordi: Hard Rock Hallelujah
- Måns Zelmerlöw: Heroes
Danzvirstellung: The Human Countdown
Zuel vu Länner 39
Gewënner Måneskin
Nei Participatiounen keng
Participanten déi zeréckkoumen Bulgarien
Ukrain
Participatiounen zeréckgezunn Armenien[1]
Disqualifizéiert Participanten Wäissrussland[2]
Ofstëmmungsreegel All Land verdeelt, op Basis vum Jury a vum Televoting, zweemol 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder.

De 65. Eurovision Song Contest (gekierzt ESC) war vum 18. bis den 22. Mee 2021 an der Ahoy Arena an der hollännescher Stad Rotterdam.[3] Nodeems Holland den Eurovision Song Contest 2019 gewonnen huet an d'Evenement 2020 zu Rotterdam wéinst der COVID-19 Pandemie annuléiert gouf, war elo den Eurovision Song Contest 2021 do. Et war déi fënneft Kéier, datt Holland de Concours organiséiert.[4]

Den 20. Mäerz 2020 huet d'European Broadcasting Union (EBU) ugekënnegt datt d'Referenzgrupp vum ESC decidéiert huet, datt d'Lidder, déi ursprénglech fir 2020 ausgewielt goufen, net méi fir 2021 gëlle géifen. Et war de Sendere vun de Länner, déi matgemaach hunn, iwwerlooss, ob dee selwechten oder en anere Kënschtler fir den ESC 2021 ausgewielt gëtt.

De Gewënner war d'Rockband Måneskin aus Italien.

Halleffinallen

[änneren | Quelltext änneren]
██ Länner an der éischter Halleffinal ██ Prequalifizéiert fir d'Finall, awer walberechtegt an der éischter Halleffinall ██ Länner an der zweeter Halleffinal ██ Prequalifizéiert fir d'Finall, awer walberechtegt an der zweeter Halleffinall

1. Halleffinall[5]

[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Halleffinall war den 18. Mee 2021 um 21:00 Auer (MESZ). An d'Finall koumen déi faarweg markéiert Länner.

Däitschland, Italien an Holland, souwéi déi 16 Länner déi matgemaach hunn, haten d'Walrecht an dëser Halleffinall.

Plaz Startnr. Land Interpret Titel Punkten
1. 16 Malta Destiny Je me casse 325
2. 15 Ukrain Go A Shum 267
3. 03 Russland Manija Russian Woman 225
4. 01 Litauen The Roop Discoteque 203
5. 12 Israel Eden Alene Set Me Free 192
6. 08 Zypern Elena Tsagrinou El diablo 170
7. 04 Schweden Tusse Voices 142
8. 14 Aserbaidjan Efendi Mata Hari 138
9. 11 Belsch Hooverphonic The Wrong Place 117
10. 09 Norwegen TIX Fallen Angel 115
11. 10 Kroatien Albina Tick-Tock 110
12. 13 Rumänien Roxen Amnesia 85
13. 02 Slowenien Ana Soklič Amen 44
14. 05 Australien Montaigne Technicolour 28
15. 06 Nordmazedonien Vasil Here I Stand 23
16. 07 Irland Lesley Roy Maps 20

2. Halleffinall[6]

[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweet Halleffinall war den 20. Mee 2021 um 21:00 Auer (MESZ). An d'Finall koumen déi faarweg markéiert Länner.

Frankräich, Spuenien a Vereenegt Kinnekräich, souwéi déi 17 Länner déi matgemaach hunn, haten d'Walrecht an dëser Halleffinall.

Plaz Startnr. Land Interpret Titel Punkten
1. 16 CHECHE Schwäiz Gjon's Tears Tout l'Univers 291
2. 08 Island Daði og Gagnamagnið 10 years 288
3. 13 Bulgarien Victoria Growing Up Is Getting Old 250
4. 12 Portugal The Black Mamba Love Is on My Side 239
5. 14 Finnland Blind Channel Dark Side 234
6. 04 Griicheland Stefania Last Dance 184
7. 07 Moldawien Natalia Gordienko Sugar 179
8. 09 Serbien Hurricane Loco Loco 124
9. 01 San Marino Senhit feat. Flo Rida Adrenalina 118
10. 11 Albanien Anxhela Peristeri Karma 112
11. 17 Dänemark Fyr og Flamme Øve os på hinanden 89
12. 05 Éisträich Vincent Bueno Amen 66
13. 02 Estland Uku Suviste The Lucky One 58
14. 06 Polen Rafał The Ride 35
15. 03 Tschechesch Republik Benny Cristo Omaga 23
16. 10 Georgien Tornike Kipani You 16
17. 15 Lettland Lettland Samanta Tīna The Moon Is Rising 14
D'Gewënnerband Måneskin

D'Finall war den 22. Mee 2021 um 21:00 Auer (MESZ).

Déi 26 Länner an der Finall waren[7]:

  • Déi „5 Grouss“ (Big-5) Frankräich, Däitschland, Spuenien, Italien a Groussbritannien;
  • D'Gaaschtland;
  • Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall;
  • Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall.

Am Fall vun engem ex aequo huet dee mat der héchster Eenzelwäertung gewonnen. An der Finall war all Land dat matgemaach huet, berechtegt seng Stëmm ofzeginn.

Plaz Startnr. Land Interpret Titel Punkten
1. 24 Italien Måneskin Zitti e buoni 524
2. 20 Frankräich Barbara Pravi Voilà 499
3. 11 CHECHE Schwäiz Gjon's Tears Tout l'Univers 432
4. 12 Island Daði og Gagnamagnið 10 years 378
5. 19 Ukrain Go A Shum 364
6. 16 Finnland Blind Channel Dark Side 301
7. 6 Malta Destiny Je me casse 255
8. 18 Litauen The Roop Discoteque 220
9. 5 Russland Manija Russian Woman 204
10. 10 Griicheland Stefania Last Dance 170
11. 17 Bulgarien Victoria Growing Up Is Getting Old 170
12. 7 Portugal The Black Mamba Love Is on My Side 153
13. 14 Moldawien Natalia Gordienko Sugar 141
14. 25 Schweden Tusse Voices 109
15. 8 Serbien Hurricane Loco Loco 102
16. 1 Zypern Elena Tsagrinou El diablo 94
17. 3 Israel Eden Alene Set Me Free 93
18. 22 Norwegen TIX Fallen Angel 75
19. 4 Belsch Hooverphonic The Wrong Place 74
20. 21 Aserbaidjan Efendi Mata Hari 65
21. 2 Albanien Anxhela Peristeri Karma 57
22. 26 San Marino Senhit feat. Flo Rida Adrenalina 50
23. 23 Holland Jeangu Macrooy Birth of a New Age 11
24. 13 Spuenien Blas Cantó Voy a quedarme 6
25. 15 Däitschland Jendrik I Don't Feel Hate 3
26. 9 Vereenegt Kinnekräich James Newman Embers 0
Commons: Eurovision Song Contest 2021 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Rotterdam (Holland) Turin (Italien)
ESC 2020 Eurovision Song Contest ESC 2022

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Armenia withdraws from Eurovision Song Contest 2021. Eurovision.tv (05.03.2021). Gekuckt de(n) 27.04.2021.
  2. EBU statement on Belarusian participation. Eurovision.tv (26.03.2021). Gekuckt de(n) 27.04.2021.
  3. Rotterdam 2021. Eurovision.tv. Gekuckt de(n) 27.04.2021.
  4. Rotterdam returns as Eurovision Song Contest Host City in 2021. Eurovision.tv (16.05.2020). Gekuckt de(n) 27.04.2021.
  5. First Semi-Final of Rotterdam 2021. Eurovision.tv. Gekuckt de(n) 19.05.2021.
  6. Second Semi-Final of Rotterdam 2021. Eurovision.tv. Gekuckt de(n) 27.04.2021.
  7. Grand Final of Rotterdam 2021. Eurovision.tv. Gekuckt de(n) 21.05.2021.