Nothing Special   »   [go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Devolutiounskrich

Vu Wikipedia
Kaart vum Verlaf

Den Devolutionskrich (1667–1668) war e militäresche Konflikt tëscht Spuenien an dem Franséische Kinnekräich, an deem de Kinnek Louis XIV. vu Frankräich Deeler vun de Spueneschen Nidderlande beusprocht huet. De Krich koum den 2. Mee 1668 mat der Ënnerschrëft vum Friddenstraité vun Oochen op en Enn, an deem Spuenien eng Rëtsch Territoiren huet missen ofginn.

Den Devolutiounskrich gëlt als deen éischten aus enger Rëtsch vu sougenannte Reuniounskricher, bei deenen et drëms goung, dass Frankräich sech territorial vergréisseren a seng Hegemonie an Europa stäerke wollt. Si hunn dann och d'Bild vum Louis XIV. als Eruewerer, deen esou seng Glorie stäerke wollt, begrënnt.[1]

Als Argument, e Krich unzefänken, huet dem Louis den Doud vum spuenesche Kinnek Felipe IV., 1665, gedéngt, andeems en Uspréch op en Deel vun deem senger Ierfschaft gestallt huet - seng Fra, d'Maria Teresa, war dem Felipe seng Duechter. Hien huet mat juristesche Klauselen aus dem Brabanter Privatrecht (vu wou den Ausdrock 'Devolutioun' hierkënnt) argumentéiert, Deeler vun de Spueneschen Nidderlande géingen him zoustoen, obwuel am Traité vun de Pyrenäen ausdrécklech festgehale gi war, dass d'Maria Teresa op all Ierfusproch vun hirem Papp verzichte géif. Am Detail wieren dat d'Herzogtümer Brabant a Limburg, Cambrai, d'Markgrofschaft Antwerpen, d'Herrschaft Mechelen, Gelderland, d'Grofschaften Namur, Artois an Hainaut, en Drëttel vun der Franche-Comté an e Véierel vum Herzogtum Lëtzebuerg.[2]

Den 8. Mee 1667 huet de Louis XIV. dem spueneschen Haff eng Deklaratioun zoukomme gelooss, déi en och iwwer Ambassaden an aner europäesch Länner bekanntmaache gelooss huet, an där en dës Fuerderunge widderholl huet. Si sollten dem "Roi Soleil" säin Amarsch net als Krich duerstellen, mee als eng "Rees" a Lännereien, déi him souwisou scho gehéiere géifen.

Am Fréijouer 1667 sinn tëscht Mézières an der Manche am ganzen 51.000 Mann staark franséisch Truppen opgestallt ginn, déi an dräi Arméien opgedeelt war. De 24. Mee 1667 hunn se d'Grenz zu de Spueneschen Nidderlanden iwwerschratt. Séier goufen d'befestegt Stied Charleroi, Ath,Tournai, Bergues a Furnes ageholl, am Juli Douai, Courtrai an Oudenaarde. De Versuch, Antwerpen z'eruerwen, ass allerdéngs bei Dendermonde zeréckgeschloe ginn. Iwwerdeems huet d'Arméi ënnert dem Maréchal de Turenne am August Lille belagert an den 28. August eruewert. Am September war den Tour un Alost. Dono blouf et iwwer de Wanter roueg.

Wärend de Wanterméint huet Spuenien probéiert, sech besser opzestellen. Den 13. Februar 1668 kunnt et mam Traité vu Lissabon de Krich mat Portugal op en Enn bréngen, wat et erméiglecht huet, Zaldoten aneschtwous kënnen anzesetzen. Iwwerdeems huet Franräich mat Éisträich Geheimverhandlunge gefouert, wéi een d'Spuenescht Kinnekäich nom Doud vum Carlos II. vu Spuenien, deen just 6 Joer hat an eng deierlech Gesondheet, opdeele kéint: De Keeser Leopold I. kréich Spuenien, deen seng Kolonien an d'Herzogtum Mailand, iwwerdeems Frankräich déi Spuenesch Nidderlanden, d'Franche-Comté, Navarra an d'Kinnekräich Neapel-Sizilien kréich. Dee Geheimvertrag, deen de Keeser aus engem Krich mat Frankräich eraushale sollt, gouf den 19. Januar 1668 ofgeschloss, ma an de Joren drop net vum Keeser ratifizéiert, well de Carlos nach gelieft huet an en d'Relatioune mat Spuenien net verschlechtere wollt.

D'Vereenegt Nidderlanden hirersäits hate virun allem Intressi un engem schwaache spueneschen Noper amplaz vun engem agressive franséischen, sou datt fir si, obwuel d'spuenesch Monarchie am Fong hire Feind war, d'Spuenesch Nidderlanden als Pufferstaat déi besser Léisung war. Dofir hu si och am Summer 1667 dem Louis seng Propositioun, d'Spuenesch Nidderlanden opzedeelen, ofgeschloen. Si hunn dofir, knapps nodeem mam Traité vu Breda de Krich mat England eriwwer war, mam englesche Kinnek Charles II. vun England verhandelt fir eng Allianz op d'Been ze setzen, wat dann och den 23. Januar 1668 geschitt ass. Spuenie sollt iwwerzeegt ginn, e puer Territoiren ofzetrieden, a Frankräich, seng Fuerderungen zréckzeschrauwen. D'Kinnekräich Schweden gouf och Member vun där Allianz (Tripelallianz).

Fir seng Verhandlungsmass ëm seng Eruewerungen ze vergréisseren, ass de Louis uganks Februar 1668 an d'Franche-Comté amarschéiert, wou e bannent manner wéi 3 Wochen Besançon, Salins, Dôle a Gray, an domat praktesch déi ganz Franche-Comté eruewere konnt.

D'Eruwerung vun der Franche-Comté hätt am Fong sollen den Ufank vun enger grousser Offensiv sinn, bei där d'Spuenesch Nidderlanden, sou wéi och Katalounien eruewert sollteginn, an eng franséisch Arméi vun den Trois-Évêchés (d'Bistümer Metz, Toul a Verdun) aus en Ugrëff vum Hellege Réimesche Räich ofwiere sollt.

Dëst gouf awer duerch déi frësch forméiert Tripel-Allianz a Fro gestallt, an de Louis huet fonnt, et wier (op d'mannst einstweilen) besser, op där hir Fuerderungen no Friddensverhandlungen anzegoen.

Sou koum et am Abrëll zu Saint-Germain zu Negotiatiounen, bei deenen d'Tripelallianz hir Fuerderungen duerchgesat krut, déi den 2. Mee 1668 am Traité vun Oochen ënnerschriwwe goufen: Frankräich huet d'Franche-Comté zréckginn, an duerft an de Spueneschen Nidderlanden just eng Dose Festugnsstied, déi et eruewert hat, halen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Traité vun Oochen (1668).

Den Devolutiounskrich war deen éischte vun enger Rëtsch vu franséischen Expansiounskricher, Reuniounskricher genannt, déi Europa fir déi nächst 50 Joer sollte markéieren. E war och d'Enn vun enger laanger Allianz tëscht der Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen a Frankräich.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. John A. Lynn: The Wars of Louis XIV 1667–1714. London/New York 1999, S. 105
  2. Jules Roy: Turenne – Sa vie, les institutions militaires de son temps. Paris 1896, S. 229