Donald Lynden-Bell
Donald Lynden-Bell | |
---|---|
Gebuer | 5. Abrëll 1935 |
Gestuerwen |
6. Februar 2018 Cambridge |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun |
Universitéit vu Cambridge, Marlborough College |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser, Astrophysiker |
Member vun | Royal Society, Norwegesch Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences |
Den Donald Lynden-Bell, gebuer de 5. Abrëll 1935 zu Dover an England an de 6. Februar 2018 zu Cambridge gestuerwen, war e britteschen Astronom an Astrophysiker.
Liewen a Wierk
[änneren | Quelltext änneren]Hien huet op der Universitéit vu Cambridge studéiert an huet beim Leon Mestel iwwer Stellar- a Galaxiendynamik promovéiert. Am Ufank huet hien am California Institute of Technology (CalTech) an um Royal Greenwich Observatory geschafft. 1972 gouf hien zum Professer fir Astrophysik ernannt.
Hien huet Theorien iwwer d'Stärebeweegungen, Galaxiëformatioune souwéi iwwer d'Genesis vu Spiralgalaxien entworf. 1969 koum hien zum Resultat, datt schwaarz Lächer am Zentrum vu Galaxië sinn an zum Schluss d'Energie fir Quasare bilden.
Vun 1985 bis 1987 war hie President vun der Royal Astronomical Society.
An de leschte Joren huet hien am Astronomeschen Institut zu Cambridge geschafft.
Seng Fra d'Ruth Lynden-Bell (gebuer 1937) ass/war Chimie-Professer zu Cambridge.[1]
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- 1983 Karl-Schwarzschild-Medail vun der Astronomescher Gesellschaft
- 1984 Eddington Medail vun der Royal Astronomical Society (Kinneklecher Astronomescher Vereenegung)
- 1991 Dirk Brouwer Präis
- 1993 Goldmedail vun der Royal Astronomical Society
- 1998 Bruce Medal
- 2000 Henry Norris Russell Lectureship
- 2008 Kavli-Präis
- No him ass och den Asteroid (18235) Lynden-Bell genannt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Donald Lynden-Bell – Biller, Videoen oder Audiodateien |