Nothing Special   »   [go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Atlanta

Vu Wikipedia
Atlanta
Fändel
Sigel
Land Vereenegt Staate vun Amerika
Bundesstaat Georgia
County Fulton County
Fläch 347,996293 km²
Awunner 498.715 (1. Abrëll 2020)
Héicht 225 m
Zäitzon Eastern Time Zone,
UTC−5,
UTC−4
Buergermeeschter Shirley Franklin (2002)
Koordinaten 33°45'25"N, 84°23'25"W

Atlanta ass d'Haaptstad an déi gréisst Stad vum amerikanesche Bundesstaat Georgia. An der Metropolregioun vun Atlanta wunne ronn 6,1 Millioune Mënschen, wat se zur aachtgréisster an den USA mécht.

D'Stad läit um Fouss vun den Appalachen op enger Héicht vun 300 Meter iwwer dem Mieresspigel.

Atlanta gouf als Endstatioun vun de staatlecher Eisebunn gegrënnt mee ass séier e Konvergenzpunkt tësche verschidden Eisebunne ginn, wat séier zu Wuesstem gefouert huet. Eng vun deenen Eisebunne war d'Western and Atlantic Railroad, vun där den Numm "Atlanta" kënnt. Wärend dem amerikanesche Biergerkrich hat d'Stad eng strategesch Roll fir d'Südstaaten, bis se 1864 vun den Nordstaaten eruewert gouf. Si gouf vum Generol William T. Sherman sengen Truppe komplett néiergebrannt. Nom Krich huet se sech séier erholl an ass en nationalen Industriezentrum an d'inoffiziell Haaptstad vum "Neie Süde" ginn. Nom Zweete Weltkrich gouf Atlanta eng Plattform fir Manufaktur an Technologie. An den 1950er an 1960er war Atlanta en Zentrum vun der Biergerrechtsbeweegung, mat Aktiviste wéi dem Martin Luther King a villen aneren.

Och haut ass Atlanta nach eng national an international Transportplatform. Den Hartsfield–Jackson Atlanta International Airport ass de Fluchhafen dee weltwäit déi héchst Passagéierzuelen huet. Mat engem PIB vu 406 Milliarden USD huet Atlanta déi zéngt-gréisste Wirtschaft vun alle Stied an den USA an déi zwanzeg-gréissten Ekonomie vun alle Stied weltwäit. Si gëllt als diversifiéiert. Dominant Industrie sinn am Secteur vum Transport, Loft- a Raumfaart, Logistik, Gesondheetswiesen, Medien, Film- an Televisiounsproduktioun, Informatiounstechnologie, Finanzen a biomedezinesch Fuerschung. Zu de groussen Entreprise mat Sëtz zu Atlanta zielen ënner anerem The Coca-Cola Company, Delta Air Lines a CNN.

D'olympesch Summerspiller 1996 waren zu Atlanta.

Biller vun Atlanta

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Atlanta – Biller, Videoen oder Audiodateien