Antoine Luja
Ausgesinn
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Antoine Luja | |
---|---|
Gebuer |
23. Juni 1845 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
22. Oktober 1916 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Architekt |
Famill | |
Kanner | Henri Luja, Edouard Luja |
Den Antoine Luja, gebuer den 23. Juni 1845 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 22. Oktober 1916, war e lëtzebuergeschen Architekt.
Vun 1869 bis 1909 war hien Architekt vun der Stad Lëtzebuerg an huet mam franséische Landschaftsarchitekt a Botaniker Edouard André zesummegeschafft[1], deen de Park vun der Stad Lëtzebuerg tëscht 1871 a 1878 ugeluecht huet.
Hie war de Papp vum Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden Edouard Luja (1875-1953) a vum Landschaftsarchitekt Henri Luja (1899-1977).
Den 31. Mäerz 2017 huet de Stater Gemengerot decidéiert, eng nei Strooss zu Bouneweeg no him ze nennen.[2]
Bauwierker (Stad Lëtzebuerg)[3]
[änneren | Quelltext änneren]- Ëmbau vun der Kierch vum Kapuzinerklouschter an en Theater (de Kapuzinertheater)
- D'Octroishaischen (1874) um Lampertsbierg um Rond-point Robert-Schuman (gouf 1986 ofgerappt)
- Aldringerschoul an der Aldringerstrooss (1879) (gouf 1974 ofgerappt)
- Waassertuerm um Lampertsbierg (1888)
- Primärschoul um Lampertsbierg
- Paschtoueschhaus vun der Méchelskierch (1888)
- Eng Waasserleitung tëschent der Stad Lëtzebuerg a Koplescht
- Infrastrukture fir dat deemolegt Waaserwierk am Pafendall
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1898)[4]
- Chevalier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau[5]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Beck, Simone, 2020. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Rue Antoine Luja, Bonneweg. Ons Stad 122, November 2020, S.65.
- Gilbert, P., 1986. Luxembourg. La capitale et ses architectes. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. Ouni ISBN. Cote BNL LB 1061, S. 152
- Kunnert, Jemp, 1987. Les architectes de la ville de 1817 à 1987. ons stad 24, S. 6-10. PDF
- Philippart, Robert, 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 96
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Cf. Januário (2010) an der Literatur.
- ↑ op archives-vdl.findbuch.net
- ↑ Beck, Simone, 2020, Onst Stad 122.
- ↑ Memorial N°39 vun 1898 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
- ↑ Doudesannonce vum Antoine Luja am Luxemburger Wort vum 23. Oktober 1916