Aminosaier
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Aminosaier ass eng organesch Moleküll déi souwuel e Carbaoxygrupp (-COOH) wéi eng Aminogrupp (–NH2) huet. An der Natur sinn d'-Aminosaier (den –NH2-grupp ass um 2. C-atom dem sougenannten C) am wäitste verbreet well si d'Grondbausteng vun de Proteinne sinn. Um C ass och d'Säiteketten (R) ugebonn. Dës bestëmmt hir Aart an hir biocheemesch Eegenschaften a Verwendungen.
Virkommen
[änneren | Quelltext änneren]Bis haut sinn an der Natur méi wéi 200 Aminosaieren entdeckt ginn. Just 20 vun hinne sinn allerdéngs fir den Opbau vun Eewäisser wichteg.
Aarten
[änneren | Quelltext änneren]Déieren a Mënsche kënnen am Géigendeel zu de Planzen, net all déi 20 Aminosaieren déi fir d´Bildung vun Eewäiss néideg sinn, selwer opbauen. Si mussen dofir een Deel mat der Ernierung zou sech huelen. Déi ginn och nach déi essenziell Aminosaiere genannt a sinn: Histidin, Isoleucin, Leucin, Lysin, Methionin, Phenylalanin, Thereonin, Tryptophan a Valin. Da gëtt et nach déi hallefessenziell Aminosaieren. Hire Bedarf hänkt vum jeeweilegen Organismus selwer of. Et sinn dës: Cystein, Tyrosin an Arginin. Déi lescht Grupp sinn déi nëtessenziell Aminosaieren a kënne vum Kierper aus anere Moleküller produzéiert ginn. Zu hinnen zielen: Alanin, Asparagin, Asparaginsaier, Glutamin, Glutaminsaier, Glycin, Prolin a Serin.
Aufgaben
[änneren | Quelltext änneren]Aminosaiere si liewensnoutwendig an hirer Funktioun als Eewäissbausteng. Verschiddener vun hinne si wuesstumsfërdernd anerer spillen eng wichteg Roll am Liewerstoffwiessel, am Immun- an Nervesystem.
Lëscht vun den 20 (+ 1 (Selenocystein)) Aminosaieren déi an de Proteinne virkommen.
Aminosaier | Acylgrupp | essentiell? | Ø[1] a Proteinnen | ||
---|---|---|---|---|---|
Numm | Ofk. | Symbol | |||
Alanin | Ala | A | Alanyl- | neen | 9,0 % |
Arginin | Arg | R | Arginyl- | semi | 4,7 % |
Asparagin | Asn | N | Asparaginyl- | neen | 4,4 % |
Asparaginsaier | Asp | D | α-Aspartyl- | neen | 5,5 % |
Cystein | Cys | C | Cysteinyl- | neen * | 2,8 % |
Glutamin | Gln | Q | Glutaminyl- | neen | 3,9 % |
Glutaminsaier | Glu | E | α-Glutamyl- | neen | 6,2 % |
Glycin | Gly | G | Glycyl- | neen | 7,5 % |
Histidin | His | H | Histidyl- | semi | 2,1 % |
Isoleucin | Ile | I | Isoleucyl- | jo | 4,6 % |
Leucin | Leu | L | Leucyl- | jo | 7,5 % |
Lysin | Lys | K | Lysyl- | jo | 7,0 % |
Methionin | Met | M | Methionyl- | jo | 1,7 % |
Phenylalanin | Phe | F | Phenylalanyl- | jo | 3,5 % |
Prolin | Pro | P | Prolyl- | neen | 4,6 % |
Serin | Ser | S | Seryl- | neen | 7,1 % |
Threonin | Thr | T | Threonyl- | jo | 6,0 % |
Tryptophan | Trp | W | Tryptophyl- | jo | 1,1 % |
Tyrosin | Tyr | Y | Tyrosyl- | neen * | 3,5 % |
Valin | Val | V | Valyl- | jo | 6,9 % |
* Fir Kanner a Fraen an aneren Ëmstänn essentiell. |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Aminosaieren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Paula Yurkanis Bruice: Organic Chemistry. Pearson Education Inc., 2004, 4. Auflage, ISBN 0-13-121730-5, S. 960–962.