13. Mee
Ausgesinn
<< | Mee | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | ||
6 | 7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 |
13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 |
20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 |
27 | 28 | 29 | 30 | 31 | ||
2024 |
Den 13. Mee ass den 133. Dag vum Joer (134. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1888: Brasilien schaaft d'Sklaverei of.
- 1981: Op der Péitersplaz zu Roum gëtt de Poopst Jean-Paul II. bei engem Attentat blesséiert.
- 2000: 22 Mënschen (dovu 4 Pompjeeën) stierwe bei der Explosioun vun engem Lager vun der S.E. Fireworks déi pyrotechnescht Material fir Freedefeiere produzéiert huet zu Enschede. 947 Leit goufe blesséiert.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 1814: Déi franséisch Garnisoun verléisst d'Festung Lëtzebuerg, an d'Plaz kënnt en Hessescht Regiment.
- 2004: Zu Lëtzebuerg gëtt d'Pressegesetz vun 1869 reforméiert.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1945: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 4:1 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Léon Mart (2), Camille Libar a Gusty Kemp geschoss.[1]
- 1947: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an engem Benefizmatch fir Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte an der Stad Lëtzebuerg 4:3 géint England. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Léon Letsch, Camille Libar (2) an Nicolas Kettel geschoss.[2]
- 1959: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu 's-Hertogenbosch 0:4 géint Holland.[3]
- 1980: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 0:2 géint Birma.[4]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- 1717: Maria Theresia, Äerzherzogin vun Éisträich, Kinnigin vun Ungarn a Béimen, réimesch-däitsch Keeserin.
- 1839: Jean Conzemius, lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
- 1840: Alphonse Daudet, franséische Schrëftsteller.
- 1858: Nicolas Leonardy, lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.
- 1879: Antoine Lefort, lëtzebuergesche, Ingenieur Politiker an Diplomat.
- 1882: Georges Braque, franséische Moler, Graphiker a Sculpteur.
- 1891: Fritz Rasp, däitsche Schauspiller.
- 1893: Maurice Palgen, lëtzebuergeschen Turner.
- 1899: Mathias Weishaupt, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 1902: Pierre Maas, lëtzebuergesche Moler.
- 1905: Anny Blau, lëtzebuergesch Resistenzlerin.
- 1907: Daphne du Maurier, brittesch Schrëftstellerin.
- 1909: Jany Holt, franséisch Schauspillerin.
- 1912: Gil Evans, kanadeschen Jazzmuseker.
- 1913: Antonio Leonviola, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1928: Gernot Duda, däitsche Schauspiller.
- 1934: Hans-Peter Schwarz, däitsche Politolog an Historiker.
- 1934: Adolf Muschg, schwäizeresche Schrëftsteller a Literaturwëssenschaftler.
- 1935: David Todd Wilkinson, US-amerikaneschen Astrophysiker a Kosmolog.
- 1938: Giuliano Amato, italieenesche Jurist, Politiker a Regierungschef.
- 1939: Harvey Keitel, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1941: Senta Berger, éisträichesch Schauspillerin a Filmproduzentin.
- 1942: Pál Schmitt, ongresche Fechter, Diplomat a Politiker.
- 1950: Stevie Wonder, US-amerikanesche Museker.
- 1953: Pierre Turci, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1955: Marc Colas, Member vum Staatsrot.
- 1965: Carine Krecké, lëtzebuergesch Ekonomistin, Kënschtlerin an Auteur.
- 1965: Elisabeth Krecké, lëtzebuergesch Ekonomistin a Kënschtlerin.
- 1967: Melanie Thornton, US-amerikanesch Sängerin.
- 1968: Scott Morrison, australesche Politiker.
- 1972: Ralph Ferron, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1974: Geneviève Conter, lëtzebuergesch Harfspillerin.
- 1974: Stéphanie Obertin, lëtzebuergesch Doktesch a Politikerin.
- 1980: Saskia Weides, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 1987: Marianne Vos, hollännesch Vëlossportlerin.
- 1988: Alexandra Schoos, lëtzebuergesch Politikerin.
- 1993: Romelu Lukaku, belsch-kongoleesesche Foussballspiller.
- 1998: Monique Olivier, lëtzebuergesch Schwëmmerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1818: Louis V. Joseph vu Bourbon-Condé, franséischen Adelegen.
- 1832: Georges Cuvier, franséischen Naturfuerscher an Anatom.
- 1868: Jean-Baptiste Brasseur, lëtzebuergesche Mathematiker.
- 1928: Jean-Baptiste Dortignacq, franséische Vëlossportler an Tour de France-Fuerer
- 1930: Fridtjof Nansen, norwegesche Fuerscher a Friddensnobelpräisdréier.
- 1961: Gary Cooper, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1971: Hubert von Meyerinck, däitsche Schauspiller.
- 1981: Joan Weber, US-amerikanesch Popsängerin.
- 1982: Albert Moes, lëtzebuergeschen Akkordeonist a Komponist.
- 1988: Chet Baker, US-amerikaneschen Museker, Sänger a Komponist
- 2008: John Phillip Law, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2018: Margot Kidder, US-amerikanesch-kanadesch Schauspillerin.
- 2019: Doris Day, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 13. Mee – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 13. Mee 1945 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-England den 13. Mee 1947 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg den 13. Mee 1959 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Birma-Lëtzebuerg den 13. Mee 1980 op der Websäit vum European Football