Wikipedia:De Staminee: Ënnerscheed tëscht de Versiounen
Neien Abschnitt →Betawiki update |
|||
Linn 280: | Linn 280: | ||
:::Gudde Moien an e schéint neit Joer!<br>Zum Thema: Ech selwer hu net dee néidegen "Hannergrond" (meng Ausbildung a franséischer Sprooch huet op enger 6ième opgehal an eng Ausbildung a lëtzebuergescher Sprooch hat ech ni) fir an dëser Fro mat ze diskutéieren an dofir wëll ech mech och net amëschen. An dobäi sinn ech net deen eenzegen deen an deem Fall ass. Ech proposéieren dofir dass déi, déi eppes dervu kennen, sech op eng Schreifweis sollen eenegen an dass all déi, déi näischt dervu kennen, dës Decisioun sollen acceptéieren. --[[Benotzer:Pecalux|Pecalux]] 07:32, 2. Jan. 2009 (UTC) |
:::Gudde Moien an e schéint neit Joer!<br>Zum Thema: Ech selwer hu net dee néidegen "Hannergrond" (meng Ausbildung a franséischer Sprooch huet op enger 6ième opgehal an eng Ausbildung a lëtzebuergescher Sprooch hat ech ni) fir an dëser Fro mat ze diskutéieren an dofir wëll ech mech och net amëschen. An dobäi sinn ech net deen eenzegen deen an deem Fall ass. Ech proposéieren dofir dass déi, déi eppes dervu kennen, sech op eng Schreifweis sollen eenegen an dass all déi, déi näischt dervu kennen, dës Decisioun sollen acceptéieren. --[[Benotzer:Pecalux|Pecalux]] 07:32, 2. Jan. 2009 (UTC) |
||
== Betawiki update == |
|||
* Currently 96.87% of the MediaWiki messages and 92.90% of the messages of the extensions used by the Wikimedia Foundation projects have been localised. Please help us help your language by localising and proof reading at [[betawiki:Special:LanguageStats/{{CONTENTLANGUAGE}}|Betawiki]]. This is the [http://translatewiki.net/w/i.php?title=Special:RecentChanges&translations=only&trailer=/{{CONTENTLANGUAGE}} recent localisation activity] for your language. Thanks, [[Benotzer:GerardM|GerardM]] 13:10, 10. Jan. 2009 (UTC) |
Versioun vum 13:10, 10. Jan. 2009
De Stamminet ass eng Plaz fir sech ze entspanen, Froe kënnen ze stellen an sech iwwert de Projet ze renseignéieren. Regelen
Fir datt de Stamminet propper bleift, muss jidderee mathëllefen. Dofir biede mir iech:
|
Grouss oder kleng
- De Grevisse
- … Et geet mer sou lues op de Geescht, datt mer bei all Geleeënheet hei erzielt kréien, datt dat eou op der franséischsproocheger Wiki steet. Ass dat elo eng Referenz fir déi franséisch Sprooch? Lo gëtt och de Grevisse ernimmt. Firwat kréie mer dann net gesot, wou dat am "le bon usage" steet??? Datt mer äis op de Petit Robert 2 stäipen ass ganz originell, ech hunn deen net. Mee ech hunn den TLF, deen e bësse méi grouss ass: Wou steet et dan deem?? Wou? Da liesen ech, datt mer äis op "franséisch Zeitungen" verloossen. Ausser dem "Le Monde", net "Le monde" kréie mer awer keen Titel ernimmt. Also nach eng Kéier: wou steet dat am Grevisse a wou am TLF? Ech froen dat, well dat Méckegepéils eis bis elo scho laang genuch beschäftegt. Cornischong 24. Dez. 2008
- Ier dee Kabes mat der nach vill méi richteger Schreifweis nees uleeft, wier et sou lues un der Zäit eis emol unzeginn, wou dat am Grevisse steet! Ech hunn dat däitlech gefrot a bis elo nach keng Äntwert kritt. Déi arrogant Verbesserwëssermentalitéit bréngt eis net weider. --Cornischong 16:29, 1. Jan. 2009 (UTC
- Gudde Moien,
- Ech hu perséinlech näischt géint déi korrekt franséisch Schreifweis, déi awer net der lëtzebuergescher Schreifweis entsprécht, déi an der lb:Wiki soll gebraucht ginn.
- Vu datt mer hei net an der franséischer Wiki sinn, lichte mer do verschidde Saachen net sou richteg an, wéi z.B dat mer elo hei Nimm zwar an der korrekter franséischer Schreifweis stoen hunn, awer am Mémorial, wou den offiziellen Numm festgehale gouf net esou stinn.
- An der Lëtzebuerger Schreifweis ginn Nimm grouss geschriwwen, och wa mer se bei d'Fransouse léine ginn.
- Verstinn ech do eppes falsch. Les Meloures 12:02, 24. Dez. 2008 (UTC)
- Remoien,
- Hei geet och vun enger Decisioun am Staminet riets.
- Ech gesinn déi néierens, dat heescht datt ni gefrot gi war fir driwwer ofzestëmmen, datt deemno och net ofgestëmmt gouf (no de Regele vun der Wiki), an datt och keng majoritär Decisioun festgehale gouf. Les Meloures 12:11, 24. Dez. 2008 (UTC)
Dat hei driwwer hunn ech vun der Diskussiounssäit vu Les jeudis des sciences an och vu menger User-Diskussiounssäit heihinner gesat, wou et higehéiert, fir datt mir kënnen en connaissance de cause eng Decisioun huelen. Cayambe 22:59, 1. Jan. 2009 (UTC)
Also:
Schreifweis vun den noms propres am Franséischen
1. Quellen 2. D’Regel 3. Ausnahme vun der Regel 4. Wann den Numm mat Le, La, Les ufänkt 5. De Gebrauch zu Lëtzebuerg 6. Propositioun fir wéi et hei soll weider goen.
- 1. Quellen: D'Regel an d’Beispiller baséieren op folgende Quellen:
- Académie française: Dictionnaire en ligne
- Grevisse (= M. Grevisse et A. Goosse) 2008: le bon usage (sic): S. 97
- Joseph Hanse 1987 an 2005: Nouveau dictionnaire des difficultés du français moderne (Remarque: den Hanse gëtt am Grevisse systematesch als Referenz zitéiert)
- Le Robert encyclopédique des noms propres 2009 (sic) (huet virdru Le Petit Robert 2 geheescht)
- Le Petit Larousse illustré 2008
- Bescherelle - L’orthographe pour tous. Hatier 2008.
- Remarque: am Grevisse gëtt d’Zeitung Le Monde systematesch als Referenz zitéiert, besonnesch och wat dës Regel ugeet (cf. S. 97-105). Mir leien also gutt wa mir eis am Zweifelsfall un deen Usage halen.
- Académie française: Dictionnaire en ligne
- 2. D’Regel (hei nëmmen dat wat fir eis wichteg ass)
- De Bescherelle, § 297, kuerz a bündeg: On met une majuscule à la première lettre des noms de lieux, de monuments historiques ou d’institutions. Beispill: l’Assemblée nationale, asw.
- De Grevisse 2008, S. 97: Les noms de sociétés, d’associations, etc. prennent les majuscules au premier mot important..
- De Grevisse 2008, S. 97: Les noms de sociétés, d’associations, etc. prennent les majuscules au premier mot important..
- Beispill, ë.a.: Le président du Conseil international de la langue française.
- D’Académie française (sic), cf éischt Säit vun hirer Websäit: le Conseil supérieur de la langue française. Aus hirem Dictionnaire en ligne: Institut catholique de Paris, Institut d'études politiques, Institut national de la santé et de la recherche médicale.
- De Robert encyclopédique des noms propres 2009
- De Robert encyclopédique des noms propres 2009
- Beispiller, kuckt w.e.g. ënner: École française d’Athènes; École nationale d’administration; Institut géographique national; Institut de recherche et de coordination acoustique; Institut national de la santé et de la recherche médicale; Institut national de la statistique et des études économiques; an och
- Organisation internationale du travail; Organisation des pays exportateurs de pétrole; Organisation mondiale de la santé, asw asw
- le nouveau Petit Robert de la langue française 2009 (sic):
- le nouveau Petit Robert de la langue française 2009 (sic):
- Beispiller, ënner Ministère: ministère de l’Agriculture; ministère des Finances.
- Remarque: hei schreift de Monde systematesch: ministère des finances, etc. Mee mier mussen dat jo net esou iwwerhuelen.
- Le Trésor de la Langue Française informatisé (sic). Beispiller ënner Institut:
- Institut géographique national; Institut national de la langue française; Institut national d'études démographiques; Institut national d'hygiène; Institut océanographique.
- Franséisch Wiki: hei gëtt d’Regel natierlech och applizéiert.
- Franséisch Wiki: hei gëtt d’Regel natierlech och applizéiert.
- Kuckt w.e.g. z.B. ënner Institut (13 Beispiller) an École normale (5 Beispiller).
- 3. Ausnahmen zu der Regel sinn d’Nimm vu Firmen an Nimm déi fir eng kommerziell Promotioun geduecht sinn. Déi Nimm sinn ewéi eng Enseigne, e Logo unzegesinn, deen der Firma gehéiert. Beispiller: Le Monde, le nouvel Observateur, Le Point, le bon usage (fir de Grevisse), Côte d’Azur ….
- Cf och zu Lëtzebuerg: éditions saint-paul (an och éditions SAINT PAUL), Le Jeudi, natur musée, ons stad.
- 4. E cas particulier: Wann den Numm mat engem article défini (Le, La, Les) ufänkt ass den Usage flottant, mat enger däitlecher Tendenz zum groussen 'L' an dem Rescht duerno kleng.
- De Grevisse 2008 S. 105 recommendéiert fir d’Titele vu Bicher, Filmer, asw:
- Pour éviter l’arbitraire (…), l’usage le plus simple et le plus clair est de mettre la majuscule au premier mot seulement, quel qu’il soit.. Beispill (Titel vun enger Revue): Les nouvelles littéraires.
- Heirënner fale secher och d’Titele vu Konferenzzyklen. Mir hunn also d’Wiel tëschent:
- Les jeudis des sciences an Les Jeudis des sciences.
- Kuckt duerzou och z.B. déi haite fr.Wiki-Artikelen, wou d'Recommendatioun vum Grevisse respektéiert gëtt:
- Les amis du vieux Saint-Étienne Les amis du bus des femmes
- 5. D’Regel zu Lëtzebuerg
- An der lëtzebuergescher Press gëtt d’Regel systematesch korrekt applizéiert. Beispiller:
- LW 30.12.2008, S. 20 a 25:
- Fondation luxembourgeoise contre le cancer an Association de soutien aux travailleurs immigrés (ASTI)
- Remarque: An dat obschonn déi zwou Organisatiounen déi ‘grouss’ Schreifweis op hire Websäite benotzen. Cf ASTI an FLCC.
- Lëtzebuerger Land, systematesch Uwendung vun der Regel. Beispill vum 2. Januar 2009:
Musée d’art moderne grand-duc Jean (an engem Artikel iwwer de Mudam).
- L’essentiel 30.12.2008
- S. 4: Association des cercles d’étudiants luxembourgeois (ACEL) an och de Veräin Réunion européenne des étudiants luxembourgeois.
- Le Jeudi: systematesch Uwendung vun der Regel. Ech kromen nach a mengem Pabeierkuerf fir déi lescht Ausgab mat Beispiller erëm ze fannen.
- Lëtzebuergesch Websäiten
- Lëtzebuergesch Websäiten
- Eng Partie Organisatiounen halen sech un d’Regel, vill anerer allerdengs net. Fir d'Anhalen, kuckt z.B. d’Websäite vum
- Centre national de littérature; Musée national d’histoire et d’art; Musée national d’histoire naturelle; Société des naturalistes luxembourgeois
- Och eise Groussherzog applizéiert d'Regel: cf. d'Websäit vun der Cour grand-ducale de Luxembourg.
- D’Ministèren zu Lëtzebuerg hale sech oft net un d’Regel … an d’Uni Lëtzebuerg och net. Firwat weess ech net. :-)
Cf awer den Zousaz hei drënner (Gesetz iwwer d'Instituts culturels vun 2004).
- 6. Wéi fuere mer weider?
- Iwwer d’Regel selwer kënne mer jo net ofstëmmen.
- Duerfir schloen ech heimadder fir, datt mir formell driwwer ofstëmmen,
- ob mir d’Regel op der lb-Wiki, sou wéi dat och an der lëtzebuergescher Press gemaach gëtt,
- applizéieren oder net.
An net ze vergiessen: Alles Guddes am Neie (neie? :-) Joer. --Cayambe 21:55, 1. Jan. 2009 (UTC)
- Ech hunn dat do lo alles gelies. Do steet ëmmer vun der franséischer Schreifweis. Wat mech géif intresséieren, gesinn datt mer hei op der Wikipedia a lëtzebuergescher Sprooch sinn: Wéi ass et mat der lëtzebuergescher Schreifweis vu franséischen Nimm.? Ech mengen do läit d'Kromm an der Heck, an net bei der franséischer Schreifweis.
Ofstëmmung
Fir d’Uwendung vun der Regel
- --Cayambe 19:26, 1. Jan. 2009 (UTC)
- --Zinneke 16:21, 6. Jan. 2009 (UTC), deem dat konsequent a logesch kléngt, a besonnesch bei Wikilinken op Artikelen, déi e franséschen Numm als Lemma hunn, engem d'Liewe mei einfach wäerte maachen. Redirecten, bei den onvermeidlechen Ausnamen a Spezialfäll natierlech abegraff.
- --PlayMistyForMe 07:53, 7. Jan. 2009 (UTC)
Dergéint
Franséisch zu Lëtzebuerg
..déi korrekt franséisch Schreifweis, déi awer net der lëtzebuergescher Schreifweis entsprécht...
datt mer elo hei Nimm zwar an der korrekter franséischer Schreifweis stoen hunn, awer am Mémorial, wou den offiziellen Numm festgehale gouf net esou stinn.
- hei meng Äntwert op dem Les Meloures seng natierlech berechtegt Fro:
- D'Gesetzestexter an deenen leschte Joren respektéieren déi franséisch Regel. Kuckt z.B. d'Gesetz vun 2004 iwwer d'Instituts culturels am Memorial: do geet Riets vun den Archives nationales, der Bibliothèque nationale, dem Musée national d'histoire et d'art, dem Musée national d'histoire naturelle, dem Service des sites et monuments nationaux, dem Centre national de l'audiovisuel an dem Centre national de littérature, all mat där Schreifweis.
- Datt de Service des sites et monuments nationaux sech op senger Websäit mat groussen Initale presentéiert, deet een dach nëmme... schmuunzen. --Cayambe 00:40, 2. Jan. 2009 (UTC)
- Menger Meenung no brauche mir eng eenheetlech Schreifweis... an dat kann nëmmen déi sinn, déi déi franséisch Regel respektéiert. Déi lëztebuergesch Press mecht eis et jo vir... an si fënnt sech och ëmmer méi an de Gesetzestexter. --Cayambe 00:40, 2. Jan. 2009 (UTC)
Wat mengen 'déi aner'? :-)
- Moien
- Ech sinn der Meenung dat mer déi Nimm déi am Mémorial erëmzefanne sinn, sou sollen iiwwerholl ginn wéi se am originale Gesetzestext do stinn. Dat wier op jiddferfall mol eng legal Basis. An zwar wier dat z.B. bei Schoulen den Numm, wéi an am Gesetzt steet an deem d'Schoul gegrënnt gëtt. Wa mer ons un de Memorial halen gi mer villen Diskussionen aus de Féiss. Les Meloures 00:54, 2. Jan. 2009 (UTC)
- Gudde Moien an e schéint neit Joer!
Zum Thema: Ech selwer hu net dee néidegen "Hannergrond" (meng Ausbildung a franséischer Sprooch huet op enger 6ième opgehal an eng Ausbildung a lëtzebuergescher Sprooch hat ech ni) fir an dëser Fro mat ze diskutéieren an dofir wëll ech mech och net amëschen. An dobäi sinn ech net deen eenzegen deen an deem Fall ass. Ech proposéieren dofir dass déi, déi eppes dervu kennen, sech op eng Schreifweis sollen eenegen an dass all déi, déi näischt dervu kennen, dës Decisioun sollen acceptéieren. --Pecalux 07:32, 2. Jan. 2009 (UTC)
- Gudde Moien an e schéint neit Joer!
Betawiki update
- Currently 96.87% of the MediaWiki messages and 92.90% of the messages of the extensions used by the Wikimedia Foundation projects have been localised. Please help us help your language by localising and proof reading at Betawiki. This is the recent localisation activity for your language. Thanks, GerardM 13:10, 10. Jan. 2009 (UTC)