Filmpräis
E Filmpräis ass eng Auszeechnung vun der Filmindustrie oder engem Filmfestival fir e Film oder Leit, déi un engem Film geschafft hunn, an déi eng besonnesch Prestatioun geliwwert hunn.
Als éischte Filmpräis gëtt de Photoplay Award ugesinn, dee vun der Filmfanzäitschrëft Photoplay schonn 1921 an d'Liewe geruff gouf. En huet bis 1969 existéiert an ass un déi beléiftste Schauspiller gaangen. Ee vun de weltwäit renomméiertste Filmpräisser, den Academy Award ("Oscar"), gëtt et zënter 1929 a gëtt fir eng bestëmme Performance oder Roll an engem Film verdeelt.
Als Géigestéck zum Oscar gouf 1980 den Negativpräis Golden Raspberry Award (d'"Gëllen Hammbier") an d'Liewe geruff, mat deem déi schlechtste Filmer a Schauspiller ausgezeechent ginn.
Gewënnerbestëmmung
[änneren | Quelltext änneren]De Gewënner vum Präis kann vun der Filmindustrie selwer, vun enger Filmfestivaljury oder duerch e Vott vum Public bestëmmt ginn.
- Vill wichteg Filmpräisser gi vun der Filmindustrie selwer iwwer eng Filmakademie bestëmmt. Dat ass de Fall vum Oscar, vum franséische César, vum Däitsche Filmpräis, vum brittesche BAFTA Award an dem spuenesche Goya. Och d'Gewënner vum Europäeschen an vum Lëtzebuerger Filmpräis ginn esou bestëmmt.
- Op vill Filmfestivaller gi Präisser verdeelt. Bekannt europäesch Festivalpräisser sinn d'Gëlle Palm vu Cannes, de Gëllene Bier vun der Berlinale, de Gëllene Léiw vu Venedeg an de Gëllene Leopard vu Locarno.
- Bei anere Präisser wielt de Public d'Gewënner. Dacks ginn d'Gewënner vu Publikumspräisser manner héich ugesinn wéi Gewënner, déi de Choix vun enger Jury oder der Filmindustrie sinn. E Beispill vun esou engem Publikumspräis sinn d'US-amerikanesch People's Choice Awards.
- Donieft gëtt et och nach Kritikerpräisser, wéi zum Beispill de Prix Louis-Delluc. Kritikerpräisser ginn der kënschtlerescher Qualitéit vun engerm Film generell Virrang viru sengem kommerzielle Potential.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Linken
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Filmpräisser – Biller, Videoen oder Audiodateien |