2000
Joer
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1996 |
1997 |
1998 |
1999 |
2000
| 2001
| 2002
| 2003
| 2004
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2000.
D'Joer 2000 huet op engem Samschdeg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.
Evenementer
ännerenEuropa
änneren- : De 8. FebruarKonstantinos Stefanopoulos gëtt als griichesche Staatspresident erëmgewielt.
- 18. Februar: De Stjepan Mesic gëtt Staatspresident a Kroatien.
- : D' 1. MäerzTarja Halonen gëtt Staatspresidentin a Finnland.
- 13. Mee: Bei der Explosioun vun enger Freedefeiersrakéite-Fabrick zu Enschede an Holland stierwen 22 Mënschen an iwwer 1000 ginn der blesséiert. E ganze Quartier vun der Stad gëtt zestéiert.
- : D'16 km laang Bréck iwwer den 1. JuliÖresund tëscht Kopenhagen a Malmö gëtt ageweit.
- 25. Juli: Zu Roissy verongléckt eng franséisch Concorde, 113 Mënsche kommen ëm d'Liewen.
- 28. September: D'Däne soen an engem Referendum "nej" zum Euro.
- : De 7. OktoberVojislav Koštunica gëtt neie President vun der Federaler Republik Jugoslawien.
- : Den 8. OktoberAleksander Kwaśniewski gëtt als Staatspresident a Polen am Amt confirméiert.
- 11. November: Bei engem Feier an der Gletscherbunn vu Kaprun stierwen 155 Mënschen.
- 10. Dezember: De Ion Iliescu gëtt Staatspresident a Rumänien.
- 27. Dezember: Zu Grosny komme bei enger Bommenattack Mënschen ëm d'Liewen.
- 28. Dezember: Den Adrian Năstase gëtt Premierminister a Rumänien.
Lëtzebuerg
änneren- : D' 1. JanuarGendarmerie grand-ducale fusionéiert mat der Police grand-ducale.
- 31. Mee: E Mann hält fir 28 Stonne 52 Kanner an hir Educatricen an der Crèche Spatzennascht zu Waasserbëlleg als Geisele fest; hie gëtt um Enn vun der Police ugeschoss, an d'Geisele komme fräi. De Mann gëtt spéiderhin zu 22 Joer Prisong verurteelt.
- : Den 7. OktoberHenri gëtt Grand-Duc vu Lëtzebuerg.
Afrika
änneren- 15. Februar: De Mandé Sidibé gëtt Staatspresident vu Mali.
- : Den 1. AbrëllAbdoulaye Wade gëtt Staatspresident a Senegal.
- 22. Abrëll: De Paul Kagame gëtt Staatspresident vu Ruanda.
- 26. Oktober: De Laurent Gbagbo gëtt Staatspresident an der Côte d'Ivoire.
Amerika
ännerenUSA
änneren- 12. Dezember: D'Supreme Court decidéiert, datt den George W. Bush neie President vun de Vereenegte Staate soll ginn.
Mëttel- a Südamerika
änneren- : De 1. JanuarPanamakanal gëtt vun den USA u Panama zeréckginn.
- : De 1. MäerzJorge Batlle gëtt Staatspresident vun Uruguay.
- 11. Mäerz: De Ricardo Lagos gëtt neie Ministerpresident am Chile.
- : De 1. DezemberVicente Fox Quesada gëtt Staatspresident vu Mexiko.
Asien
änneren- : Den 9. JanuarIslam Abduganijewitsch Karimow gëtt als Staatspresident an Usbekistan a sengem Amt confirméiert.
- : Den 9. AbrëllEduard Schewardnadse gëtt op en Neits zum Staatspresident a Georgie gewielt.
- 17. Mee: Den Ahmet Necdet Sezer gëtt Staatspresident an der Tierkei.
- 26. Juli: Den Nambariin Enkhbayar gëtt Regierungspresident an der Mongolei.
Ozeanien & Pazifik
ännerenNoen Osten an Arabesch Welt
änneren- 17. Juli: De Baschar al-Assad gëtt Staatspresident vu Syrien.
Konscht a Kultur
ännerenMolerei
ännerenLiteratur
änneren- Servais-Präis: Pol Schmoetten fir Der Tag des Igels.
Musek
änneren- 13. Mee: D'Olsen Brothers gewanne fir Dänemark mam Lidd Fly on the Wings of Love de 45. Eurovision Song Contest zu Stockholm.
Wëssenschaft an Technik
ännerenSport
änneren- Den F91 Diddeleng gewënnt de Foussballschampionnat, d'Jeunesse Esch d'Coupe de Luxembourg.
- 23. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:3 géint Nordirland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Manuel Cardoni geschoss.[1]
- 26. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Estland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean Vanek geschoss.[2]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Spuenien. 7. Juni[3]
- : 2. JuliFrankräich gëtt zu Rotterdam Foussball-Europameeschter
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d' 3. SeptemberFoussball-Weltmeeschterschaft 2002, 0:2 géint Jugoslawien.[4]
- 15. September: Zu Sydney fänken d'Olympesch Summerspiller un.
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2002, 1:2 géint Slowenien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de 7. OktoberJeff Strasser geschoss.[5]
- 11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Moskau, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2002, 0:3 géint Russland.[6]
Gebuer
änneren- : 5. JanuarRoxen, rumänesch Sängerin.
- : 4. FebruarVincent Thill, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 21. Februar: Jil Kalmes, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 15. Mäerz: Arthur Kluckers, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- : 3. MeeSimão Marinho Novais, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- : 7. MeeEden Alene, israeelesch Sängerin.
- : 2. JuniJessica Kruse, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 30. Juni: Noah Wolf, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 28. Juli: Emma Kremer, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- : 4. SeptemberEléonora Molinaro, lëtzebuergesch Tennisspillerin.
- 13. September: Alexia Magalhães, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 13. Oktober: Mikael Äijälä, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 22. November: Raphael Guden, lëtzebuergeschen Handballspiller.
Gestuerwen
änneren- : 4. JanuarAlfred Bohrmann, däitschen Astronom.
- : 5. JanuarDiether Krebs, däitsche Schauspiller a Kabarettist.
- Bernhard Wicki, éisträichesche Schauspiller a Filmregisseur. 5. Januar:
- 10. Januar: John Newland, US-amerikanesche Filmschauspiller a -regisseur.
- 14. Januar: Alphonse Boudard, franséische Schrëftsteller.
- 14. Januar: Fernand Schwachtgen, lëtzebuergeschen Dokter a Resistenzler.
- 14. Januar: Alain Poiré, franséische Filmproduzent an Dréibuchauteur.
- 15. Januar: Léon Blasen, lëtzebuergesche Literaturchroniker a Conferencier.
- 19. Januar: Hedy Lamarr, éisträichesch-US-amerikanesch Schauspillerin an Erfinderin.
- 26. Januar: A. E. van Vogt, amerikanesche Schrëftsteller.
- : 5. FebruarClaude Autant-Lara, franséische Filmregisseur.
- 11. Februar: Roger Vadim, franséische Filmregisseur a Schauspiller.
- 13. Februar: Charles M. Schulz, Erfinder vun der Comicserie Peanuts.
- 18. Februar: Charles Bech, lëtzebuergeschen Zaldot a Kampfpilot.
- 19. Februar: Carmen Ennesch, lëtzebuergesch-franséisch Journalistin.
- 19. Februar: Friedensreich Hundertwasser, Moler an Architekt.
- : 2. MäerzErik Bertil Holmberg, schweedeschen Astronom.
- : 8. MäerzPierre Nilles, lëtzebuergesche Journalist.
- 26. Mäerz: Enzo Giacchero, italieeneschen Diplomat a Politiker.
- 26. Mäerz: Frinn Zürn, lëtzebuergeschen Affekot, Politiker a Member vum Staatsrot.
- 27. Mäerz: Ian Dury, englesche Museker, Songwriter a Schauspiller.
- 28. Mäerz: Pir Kremer, lëtzebuergeschen Auteur.
- 30. Mäerz: Rudolf Kirchschläger, Diplomat, Politiker, éisträichesche Bundespresident.
- : 6. AbrëllHabib Bourguiba, tuneesesche President (1957–1987).
- 11. Abrëll: Willem Bouter, hollännesche Sculpteur.
- 20. Abrëll: Philip Keenan, US-amerikaneschen Astronom.
- 28. Abrëll: Edmond Goergen, lëtzebuergeschen Zeechner a Moler.
- : 1. MeeSteve Reeves, US-amerikanesche Schauspiller a Bodybuilder.
- : 3. MeeLewis Allen, englesche Filmregisseur.
- : 7. MeeDouglas Fairbanks jr., US-amerikanesche Filmschauspiller.
- 20. Mee: Marc Reuland, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 21. Mee: Sir John Gielgud, englesche Schauspiller.
- 21. Mee: Barbara Cartland, brittesch Schrëftstellerin.
- 31. Mee: Tito Puente, Jazz-, Salsa- a Mambo-Museker.
- : 2. JuniSwjatoslaw Nikolajewitsch Fjodorow, ukraineschen Aendokter.
- : 4. JuniGino Bartali, italieenesche Vëlosprofi.
- : 5. JuniFranco Rossi, italieenesche Filmregisseur.
- : 9. JuniErnst Jandl, Dichter.
- Alfred Weidenmann, däitsche Filmregisseur. 9. Juni:
- 10. Juni: Hafiz al-Assad, syresche Staatspresident.
- 25. Juni: Coryse Kieffer, lëtzebuergesch Molerin.
- 27. Juni: Pierre Pflimlin, franséische Politiker.
- 29. Juni: Vittorio Gassman, italieenesche Schauspiller.
- : 1. JuliWalter Matthau, amerikanesche Schauspiller.
- : 4. JuliShōji Ueda, japanesche Fotograf
- : 5. JuliJoseph Wohlfart, lëtzebuergesche Politiker.
- : 6. JuliWładysław Szpilman, polnesche Pianist, Komponist a Schrëftsteller.
- : 7. JuliClaude Fontaine, lëtzebuergesche Graphiker a Moler.
- 12. Juli: René Greisch, belsche Bréckebauingenieur.
- 17. Juli: Pascale Audret, franséisch Schauspillerin.
- 20. Juli: Micky Erpelding, lëtzebuergesch Speakerin, Schauspillerin a Politikerin.
- 22. Juli: Claude Sautet, franséische Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 24. Juli: Jim Kremer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 31. Juli: Hendrik Christoffel van de Hulst, hollänneschen Astrophysiker.
- : Sir 5. AugustAlec Guinness, englesche Schauspiller.
- 12. August: Martin Gerges, Publizist zu Lëtzebuerg.
- 12. August: Loretta Young, amerikanesch Schauspillerin.
- 17. August: Robert Gilruth, US-amerikanesche Loft- a Raumfaartpionéier.
- 25. August: Carl Barks, US-amerikanesche Comic-Zeechner.
- 26. August: Odette Joyeux, franséisch Schauspillerin a Schrëftstellerin.
- 28. August: Paul-Maria Meier, lëtzebuergesche Paschtouer.
- : 2. SeptemberJoseph Adam, lëtzebuergesche Pater a Fotograf.
- 13. September: Rolf Kauka, däitsche Comicediteur.
- 20. September: German Stepanowitsch Titow, sowjetesche Kosmonaut.
- 26. September: Roberto Baden Powell de Aquino, brasilianesche Museker.
- 26. September: Max Waldmeier, Schwäizer Astronom a Sonnefuerscher.
- 28. September: Pierre Trudeau, kanadesche Politiker (Ministerpresident).
- 13. Oktober: Jean Peters, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 18. Oktober: Julie London, US-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
- 19. Oktober: Leopoldo Savona, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 28. Oktober: Georges Poujouly, franséische Schauspiller.
- : 8. NovemberLuc Dupanloup (Dupa), belsche Comiczeechner.
- Jeannot Comes, lëtzebuergesche Museker. 8. November:
- 10. November: Jacques Chaban-Delmas, franséische Politiker.
- 15. November: Jens Jørgen Thorsen, dänesche Filmregisseur a Schauspiller.
- 17. November: : Christian Brocard, franséische Schauspiller.
- 21. November: Harald Leipnitz, däitsche Schauspiller.
- 22. November: Fernand Hoffmann, lëtzebuergeschen Auteur a Literaturkritiker.
- 22. November: Christian Marquand, franséische Schauspiller a Filmregisseur.
- 22. November: Emile Zatopek, tschechesche Liichtathleet.
- 28. November: Michael Cramer, däitsche Schauspiller.
- 30. November: Ansumane Mané, Militär aus Guinea-Bissau.
- : 7. DezemberFons Hildgen, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 12. Dezember: René Wheeler, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 15. Dezember: Roger Koemptgen, lëtzebuergesche Moler.
- 16. Dezember: Jos Hoffmann, lëtzebuergesche Biolog.
- 17. Dezember: Gérard Blain, franséische Schauspiller, Filmregisseur a Dréibuchauteur.
- 26. Dezember: Jason Robards, US-amerikanesche Schauspiller.
- 29. Dezember: Cecil Saint-Laurent (Jacques Laurent), franséische Schrëftsteller.
Um Spaweck
ännerenCommons: 2000 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Nordirland den 23. Februar 2000 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Estland de 26. Abrëll 2000 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Spuenien de 7. Juni 2000 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Jugoslawien den 3. September 2000 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Slowenien de 7. Oktober 2000 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Russland-Lëtzebuerg den 11. Oktober 2000 op der Websäit vun European Football.info