11. Mäerz
Datum
<< | Mäerz | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | ||||
4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 |
11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 |
18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 |
25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 |
2024 |
Den 11. Mäerz ass de 70. Dag (71. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1793: Frankräich: Massakere vu Machecoul.
- 1946: De Paul Henri Spaak gëtt Regierungschef an der Belsch.
- 1976: Zu Lëtzebuerg gëtt per Gesetz eng staatlech Hëllef fir déi geschriwwe Press agefouert.
- 1985: De Michail Gorbatschow gëtt Generalsekretär vum Zentralkommitee vun der Kommunistescher Partei vun der Sowjetunioun.
- 1990: Litauen gëtt nees onofhängeg.
- 1996: Den John Howard gëtt Regierungschef an Australien.
- 1998: Den dänesche Ministerpresident Poul Nyrup Rasmussen gëtt a sengem Amt confirméiert.
- 2003: De Recep Tayyip Erdogan gëtt Ministerpresident vun der Tierkei
- 2004: Bommenattentater op 4 Zich a Garen zu Madrid: 192 Doudesaffer a bal 2000 Blesséierter.
- 2011: Bei engem Äerdbiewe vun der Stäerkt 9,0 virun der Ostküst vu Japan a virun allem dem Tsunami, deen doduerch entstanen ass, komme bal 20.000 Leit ëm d'Liewen. Dobäi fällt och de Killsystem vun de Reaktere vun der Atomzentral Fukushima I zäitweileg aus, soudatt et an 3 Reakteren zu enger Kärfusioun kënnt a Radioaktivitéit an d'Ëmwelt geréit. D'Schied sinn am dräistellege Milliardeberäich.
Sport
änneren- 1934: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1934 1:9 géint Däitschland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Ernest Mengel geschoss.[1]
- 1981: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:2 géint Griicheland.[2]
Gebuer
änneren-
J.-P. Pescatore
-
Astor Piazzolla
-
Léopold Reichling
-
Joachim Fuchsberger
-
Nina Hagen
- 1793: Jean-Pierre Pescatore, lëtzebuergesch/franséischen Entreprener, Banquier a Mäzen.
- 1811: Urbain Le Verrier, franséische Mathematiker an Astronom.
- 1856: Reginald Bottomley, englesche Moler, deen zu Lëtzebuerg gewunnt huet.
- 1860: Rodolphe Wytsman, belsche Moler.
- 1885: Léon Muller, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1885: Hans Leibelt, däitsche Schauspiller.
- 1887: Raoul Walsh, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1899: Frederik IX., Kinnek vun Dänemark.
- 1904: Louis Pesch, lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.
- 1906: Beppo Brem, däitsche Schauspiller.
- 1908: André Dalibert, franséische Schauspiller a Sänger.
- 1915: Frinn Zürn, lëtzebuergeschen Affekot, Politiker a Member vum Staatsrot.
- 1916: Ferdy Mayne, däitsche Schauspiller.
- 1916: Harold Wilson, brittesche Politiker a Premierminister.
- 1917: Hermann Gisin, Schwäizer Zoolog.
- 1921: Astor Piazzolla, argentinesche Pianist an Tango-Komponist.
- 1921: Léopold Reichling, Professer fir Botanik.
- 1920: Nicolaas Bloembergen, hollännesch-US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier.
- 1920: Gérard Tichy, däitsche Schauspiller.
- 1923: Paul Muller, Schwäizer Schauspiller.
- 1927: Joachim Fuchsberger, däitsche Schauspiller.
- 1928: Frederick Stafford, éisträichesche Schauspiller.
- 1931: Rupert Murdoch, australesche Medienentreprener.
- 1933: Fathi Arafat, palestinensesche Politiker.
- 1933: Sandra Milo, italieenesch Schauspillerin.
- 1935: Nancy Kovack, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1936: Harald zur Hausen, däitschen Dokter an Nobelpräisdréier.
- 1938: Christian Wolff, däitsche Schauspiller.
- 1940: Aly Knepper, lëtzebuergesche Schéisser.
- 1945: Lucien Kayser, lëtzebuergeschen Auteur an Enseignant.
- 1949: Georg Schramm, däitsche Kabarettist.
- 1951: Dominique Sanda, franséisch Schauspillerin.
- 1952: Douglas Adams, brittesche Schrëftsteller.
- 1953: Carole André, franséisch Schauspillerin.
- 1955: Nina Hagen, däitsch Sängerin.
- 1957: Marc Zanussi, lëtzebuergesche Politiker.
- 1962: Mohamed Abdullahi Mohamed, somalesche Politiker.
- 1963: Marc Tarabella, belsche Politiker.
- 1964: Barbara Bollwahn, däitsch Journalistin
Gestuerwen
änneren- 1857: Friedrich Wilhelm von Goedecke, däitsche Militär a Politiker zu Lëtzebuerg.
- 1878: Pierre Wirtgen, lëtzebuergesche Veterinär a Postmeeschter.
- 1888: Friedrich Wilhelm Raiffeisen, däitsche Sozialreformer.
- 1921: Sherburne Wesley Burnham, US-amerikaneschen Astronom.
- 1931: Friedrich Wilhelm Murnau, däitsche Regisseur.
- 1939: Henri Simon, wallounesche Schrëftsteller.
- 1946: Nicolas Mathieu, lëtzebuergesche Politiker.
- 1955: Alexander Fleming, brittesche Bakteriolog an Nobelpräisdréier, Entdecker vum Penicillin.
- 1971: Alex Boever, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 1981: Kazimierz Kordylewski, polneschen Astronom.
- 1992: Richard Brooks, US-amerikanesche Regisseur.
- 2002: James Tobin, US-amerikaneschen Ekonomist.
- 2006: Slobodan Milosevic, jugoslawesch-serbesche Politiker.
- 2012: Emile Back, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 2013: Raymond Kirsch, lëtzebuergesche Jurist an Ekonomist.
- 2018: Ken Dodd, britteschen Entertainer.
- 2018: Karl Lehmann, däitsche Geeschtlechen.
- 2018: Siegfried Rauch, däitsche Schauspiller.
- 2021: Peter Patzak, éisträichesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 11. Mäerz – Biller, Videoen oder Audiodateien |