Nothing Special   »   [go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Zoran Milanović

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Zoran Milanovic)
Zoran Milanović
Gebuer 30. Oktober 1966
Zagreb
Nationalitéit Kroatien
Educatioun Universitéit Zagreb
Aktivitéit Politiker

Den Zoran Milanović, gebuer den 30. Oktober 1966 zu Zagreb, ass e kroatesche Politiker. Hien ass de Leader vun der mëtt-lénkser Sozialdemokratescher Partei vu Kroatien (SDP). Vum 23. Dezember 2011 bis de Januar 2016 war hie Premierminister a Kroatien. De 5. Januar 2020 gouf hien am zweeten Tour zum neie President vu Kroatien gewielt.

Den Zoran Milanović huet zanter 1993 am kroateschen Ausseministère geschafft, a war ë. a. Conseiller an der kroatescher Ambassade bei der NATO an de EU zu Bréissel.

2004 gouf en an de Comité directoire vun der SDP gewielt. Um ausseruedentleche Pareikongress am September 2007 gouf zum Nofollger vum zeréckgetruedene Parteipresident Ivica Račan gewielt.

No de Parlamentswale vun 2007 koum et zu enger Koalitiounsregierung ënner dem Premier Ivo Sanader (HDZ), d'SDP goung an d'Oppositioun. De Milanovic gouf am Mee 2008 zum Parteipresident erëmgewielt. 2011 huet d'SDP sech mat 3 anere Lénksparteien am Walkampf zesummegedoen, der sougenannter Kukuriku-Koalitioun, déi d'Wale mat enger absolutter Majoritéit gewonnen huet.

De Milanović gouf vum Parlament zum Premierminister gewielt an huet säin Amt den 23. Dezember 2011 ugetrueden. 2016 gouf den Tihomir Orešković säin Nofollger.

Hien ass bestuet an huet 2 Kanner.

Commons: Zoran Milanović – Biller, Videoen oder Audiodateien