Dubhe (Stär)
Den Dubhe ass de Stär Alpha Ursae Majoris (α UMa) am Stärebild Ursa Major. Den Numm staamt vum arabesche Wuert dubb „Bier“.
Den Dubhe ass trotz der Bayer-Bezeechnung „Alpha“ nëmmen den zweethellste Stär am Stärebild Ursa Major (Grousse Bier).
E mécht zesumme mam Stär Merak den Ofschloss vun der Këscht vum grousse Won, deem seng Verlängerung iwwer den Dubhe eraus zum Polarstär weist. Et ass kee Member vun der Ursa-Major-Grupp - der nooster physescher Stäregrupp mat der selwechter Vitess.
Den Dubhe huet eng visuell Magnitude vu +1,8m a gehéiert an d'Spektralklass G9. Seng Distanz zu der Äerd ass ronn 124 Liichtjoer.
Den Dubhe ass e Méifachsystem. De Stär Dubhe A gëtt vun engem Haaptreiestär, dem Dubhe B, op enger Distanz vun 23 AE ëmkreest, a vun engem noenDuebelstär, dem Dubhe C, op enger Distanz vun 8000 AE.
Koordinaten (Equinoxe J2000.0)
- Rektaszensioun 11h 3m 44s
- Deklinatioun +61° 45' 3"
Kuckt och
änneren
Um Spaweck
änneren- (en) Dubhe in The Dome of the Sky