William Henry Finlay
südafrikaneschen Astronom
De William Henry Finlay, gebuer de 17. Juni 1849 zu Liverpool, England, a gestuerwen de 7. Dezember 1924 zu Kapstad, Südafrika, war e südafrikaneschen Astronom.
William Henry Finlay | |
---|---|
Gebuer |
17. Juni 1849 Liverpool |
Gestuerwen |
7. Dezember 1924 Kapstad |
Nationalitéit | Südafrika |
Educatioun | Liverpool College |
Aktivitéit | Astronom |
Hie war éischten Assistent am Royal Observatoire zu Kapstad an de Joren 1873 bis 1898.
De 7. September 1882 war hien och deen éischten Astronom, deen de grousse Septemberkoméit (C/1882 R1) gesinn hat. Véier Joer méi spéit, de 26. September 1886 entdeckt hien dann nach de kuerzperiodesche Koméit 15P/Finlay, dee no him genannt gouf.
Um Spaweck
änneren- Monthly Notices of the Royal Astronomical Society, Vol. 85, S. 309f, Februar 1925 (ADS-Link)
- https://web.archive.org/web/20041108023044/http://www.saao.ac.za/assa/2003MNSSA..62..170C.pdf
- http://www.saao.ac.za/~wpk/tov1882/2004MNSSA..63...34K.pdf