Nothing Special   »   [go: up one dir, main page]

Nordstad

Ballungsraum Ettelbréck-Dikrech

Mam Begrëff Nordstad ass keng Stad, mä de ganze Ballungsraum Ettelbréck-Dikrech gemengt, deen aus de Gemenge Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng, Schieren a Colmer-Bierg besteet.

D'Nordstad mat hiren ursprénglech 6 Kärgemengen

De Konzept vun enger „Nordstad“ als drëtten Entwécklungspol vu Lëtzebuerg (nieft der Stad Lëtzebuerg an der Regioun Esch-Uelzecht) geet op den Ekonomist Adrien Ries zeréck, dee schonn 1973 op déi wichteg Roll vun enger dezentraler Wirtschaftsentwécklung higewisen huet.

Zanter 2018 gëtt op eng méiglech Fusioun vun ufanks 5, zanter Hierscht 2024 just nach 4 vun deene Gemengen (Colmer-Bierg, an dono Bettenduerf hu sech zeréckgezunn) higeschafft.

Geschicht

änneren

Den 2. Juni 1973 huet den Adrien Ries op enger akadeemescher Sëtzung vum Dikrecher Geschäftsverband d'Visioun vun enger „Nordstad“ skizzéiert. Doropshin gouf eng „Denkfabrik Nordstad“ an d'Liewe geruff, fir Konzepter dozou auszeschaffen. Et huet awer bis de 24. Abrëll 2006 gedauert, bis op politeschem Plang eng „Nordstad Konventioun“ ënnerschriwwe gouf, an där d'Gemenge Bettenduerf, Colmer-Bierg, Dikrech, Ierpeldeng op der Sauer, Ettelbréck a Schieren sech engagéiert hunn, bei neie Projeten iwwer d'Gemengegrenzen ewech zesummenzeschaffen.[1]

Bal eelef Joer drop, am Mäerz 2017 gouf tëscht deene Gemengen e Syndicat à vocations multiples, fir eng legal Basis fir eng koordinéiert an integréiert Entwécklung ze schafen. Am September 2018 kruten d'Schäfferéit vun Ierpeldeng/Sauer, Ettelbréck a Schieren d'Mandat, d'Méiglechkeete vun enger Fusioun ze sondéieren, Bettenduerf an Dikrech koume kuerz drop derbäi. Just Colmer-Bierg huet fonnt, eng Zesummenaarbecht, wann néideg, géing och ouni Fusioun, an huet mat grousser Majoritéit decidéiert, bei dëse Sondéierungen net matzemaachen.[1]

2020 gouf e Biergerrot op d'Been gesat an e Biergerforum organiséiert, fir d'Bevëlkerung besser anzebannen an z'informéieren. Am Dezember 2021 huet d'Regierung ugekënnegt, 60 Milliounen Euro an d'Finanzéierung vun engem neie CGDIS-Gebai fir d'Fusioun 'bäizeleeën'.[1]

Am Virfeld vun de Gemengewalen 2023 ass et roueg ëm en Datum fir eng méiglech Fusioun ginn. Eréischt e Strapp no de Walen, de 25. Mäerz 2024 hunn d'Schäfferéit vun deene fënnef Gemengen eestëmmeg decidéiert, konsequent mat de Virbereedunge virunzefueren, mam Zil, bis 2027 d'Prozedure fir eng méiglech Fusioun an d'Weeër leeden ze kënnen.[1] De 25. September 2024 huet de Bettenduerfer Gemengerot dunn awer an engem geheime Vott mat enger Majoritéit vu siwen zu véier decidéiert, sech awer aus de Fusiounsverhandlungen zeréckzezéien. Den Hannergrond schéngt ze sinn, well d'Regierung der Gemeng zu deem Ament de Statut vun engem Centre de développement et d'attraction (CDA) net zougestanen huet, anescht wéi dat vun 2025 u fir d'Nopeschgemengen Dikrech, Ierpeldeng an Ettelbréck de Fall ass[2]. Déi aner véier Gemenge wëllen awer weider um Projet festhalen.[3]

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Nico Muller: "Eine über 50 Jahre alte Vision soll endlich Realität werden." wort.lu [w+], 27.03.2024.
  2. (de)Bettendorf klinkt sich aus dem Fusionsprozess in der Nordstad aus. Luxemburger Wort (27.09.2024). Gekuckt de(n) 27.09.2024.
  3. Marc Hoscheid: "Nom Aus vu Bettenduerf: Déi aner véier Nordstadgemengen halen un der Fusioun fest." rtl.lu, 27.09.2024.