Guillaume Gallienne
franséische Schauspiller
De Guillaume Gallienne, gebuer den 8. Februar 1972 zu Neuilly-sur-Seine am Departement Hauts-de-Seine, ass e franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur. Hien ass Sociétaire vun der Comédie-Française.
Guillaume Gallienne | |
---|---|
Gebuer |
8. Februar 1972 Neuilly-sur-Seine |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Conservatoire national supérieur d'art dramatique, Cours Florent |
Aktivitéit | Komiker, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Radiosspeaker, Filmproduzent, Schauspiller |
De Guillaume Gallienne bis ewell zwéi Molières (2010, 2011) a fënnef Césare (2014) kritt, déi meescht dovu fir säin autobiographescht Theaterstéck, dat en duerno selwer verfilmt huet, Les garçons et Guillaume, à table !, an deem e sech selwer a seng Mamm spillt.
Nieft senger Schauspillerei mécht de Galienne och Emissiounen um Radio an op der Televisioun, wou et dacks iwwer Literatur geet, hie mécht Virliesungen, synchroniséiert Filmer an hëlt Lauschterbicher op.
Filmographie (Auswiel)
ännerenAls Schauspiller (nëmme Kino)
ännerenLaangfilmer
änneren- 1992: Tableau d'honneur vum Charles Nemes: Castagnier
- 1995: Sabrina vum Sydney Pollack: Assistant
- 1996: Un samedi sur la terre vum Diane Bertrand: Bijoutiers-Léierbouf
- 1997: Jeunesse vum Noël Alpi: Le lyonnais
- 1997: The Tango Lesson vum Sally Potter: Frënd vum Pablo
- 1999: Monsieur Naphtali vum Olivier Schatzky: Sommergan
- 1999: Une pour toutes vum Claude Lelouch: Typ vun der Immobilienagence
- 2000: Jet Set vum Fabien Onteniente: Evrard Sainte-Croix
- 2003: Fanfan la tulipe vum Gérard Krawczyk: Aimé Bonaventure Claudion Dominique de La Houlette
- 2003: Monsieur Ibrahim et les Fleurs du Coran vum François Dupeyron: Autosverkeefer
- 2004: Narco vum Tristan Aurouet a Gilles Lellouche: Samuel Pupkin
- 2005: Tu vas rire, mais je te quitte vum Philippe Harel: Pierre-Louis
- 2006: Fauteuils d'orchestre vun der Danièle Thompson: Pascal
- 2006: Marie-Antoinette vun der Sofia Coppola: Comte Vergennes
- 2006: La Jungle vum Mathieu Delaporte: Mathias Warkhevytch
- 2006: Mon colonel vum Laurent Herbiet: Sous-préfet
- 2007: Le Candidat vum Niels Arestrup: Sam
- 2007: National Treasure 2 vum Jon Turteltaub: Polizist um Vëlo
- 2008: Sagan vun der Diane Kurys: Jacques Quoirez
- 2008: Musée haut, musée bas vum Jean-Michel Ribes: Max Perdelli
- 2009: Le Concert vum Radu Mihaileanu: e Kritiker
- 2010: Ensemble, nous allons vivre une très, très grande histoire d'amour... vum Pascal Thomas: Hubert
- 2010: L'Italien vum Olivier Baroux: Jacques
- 2012: Confession d'un enfant du siècle vun der Sylvie Verheyde: Mercanson
- 2012: Astérix et Obélix: Au service de Sa Majesté vum Laurent Tirard: Jolitorax
- 2013: Les garçons et Guillaume, à table ! vum Guillaume Gallienne: Guillaume an dem Guillaume seng Mamm
- 2014: Yves Saint Laurent vum Jalil Lespert: Pierre Bergé
- 2016: Éperdument vum Pierre Godeau: Jean Firmino
- 2016: Cézanne et moi vum Danièle Thompson: Paul Cézanne
Kuerzfilmer
änneren- 1994: Les Flammes du désespoir vum Guillaume Husson
- 1996: Putain de voleuses vum Edy Garbarski
- 1996: Sans doute lui vum Shiri Tsour
- 1997: Fils de personne vum Niels Dubost
- 1998: Pop-corn vum Yannick Rolandeau
- 1999: Mon plus beau mariage vum Guillaume Husson
- 2001: Le Cœur sur la main]] vum Marie-Anne Chazel
- 2001: En scène ! vum Yvon Marciano
- 2001: L'Élu vum Fouad Benamou
- 2006: Le Dernier Épisode de Dallas vum Guillaume Husson
- 2009: L'Invitation vum Niels Arestrup
- 2017: Vitalium, Valentine ! vum Jean-Charles Fitoussi
Als Regisseur
änneren- 2013: Les garçons et Guillaume, à table !
- 2017: Maryline
Literarescht Wierk
änneren- Guillaume Gallienne: Les garçons et Guillaume, à table ! Collection Du désavantage du vent. Besançon: Les Solitaires Intempestifs, 2009. ISBN 978-2-84681-269-6.