Dakar
Dakar | ||
---|---|---|
Land: | Senegal | |
Regioun: | Dakar | |
Koordinaten: | 14° 40' 20" N 17° 25' 54" W | |
Fläch: | 82,38 km² | |
Awunner: | 1.030.594 (31. Dez. 2004) | |
Bevëlkerungsdicht: | 12.510 Aw./km² | |
Héicht: | 27 m | |
Zäitzon: | UTC+0 | |
Buergermeeschter: | Khalifa Sall (2009)[1] |
Dakar ass d'Haaptstad vum Senegal, a läit op der Westküst vun Afrika, op der Cap-Vert-Hallefinsel. Se huet méi wéi eng Millioun Awunner, an ass 82 km2 grouss.
Staddeeler
ännerenD'Stad ass an 19 Arrondissementer agedeelt:
|
|
|
Klima
ännerenDakar huet en tropesche Klima mat nëmmen zwou Joreszäiten: eng waarm a fiicht Joreszäit déi vum Juni bis Oktober dauert an där et vill reene kann, bis zu (179 mm) am August, mat Temperature vu 27 °C. Déi aner Joreszäit dauert vum November bis Mee an ass e bësse méi kill a vill mei dréchen, mat nëmmen 1 mm pro Mount.
Jan | Feb | Mär | Apr | Mai | Jun | Jul | Aug | Sep | Okt | Nov | Dez | |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Duerchschnëttlech Héchsttemperatur (°C) | 26 | 27 | 28 | 27 | 28 | 30 | 30 | 30 | 31 | 31 | 30 | 28 |
Duerchschnëttlech Déifsttemperatur (°C) | 17 | 17 | 18 | 19 | 20 | 23 | 25 | 25 | 25 | 24 | 22 | 20 |
Universitéit
ännerenD'Université Cheikh Anta Diop de Dakar gouf 1957 gegrënnt. Un d'Univesitéit sinn den Institut Fondamental d'Afrique Noire, souwéi ee Mieresbiologesche Musée, den ale Centre Culturel Français an de Centre Douta Seck an der Medina ugeschloss. Kedge Business School ass och an der stad.
Partnerstied
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Dakar – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ L'opposant Khalifa Sall élu maire de Dakar. AFP, 19. Abrëll 2009.
- ↑ Weather2Travel.com Archivéiert de(n) 20.10.2008. Gekuckt de(n) 23.01.2010.