Claude Rains
De Claude Rains, gebuer den 10. November 1889 zu London, England, a gestuerwen den 30. Mee 1967 zu Laconia, New Hampshire, USA, war en englesch-US-amerikanesche Schauspiller.
Claude Rains | |
---|---|
Gebuer |
10. November 1889 Clapham |
Gestuerwen |
30. Mee 1967 Laconia |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, USA |
Educatioun | Royal Academy of Dramatic Art |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller |
Famill | |
Papp | Fred Rains |
De Claude Rains stoung mat 11 Joer fir d'éischt zu London op der Bün. Am Éischte Weltkrich war hie vun 1915 bis 1919 an der Arméi. Vun 1926 un huet hien haaptsächlech an den USA am Theater geschafft. Am Joer 1939 krut hien d'US-amerikanesch Nationalitéit.
Am Alter vu 44 Joer krut hien 1933 seng éischt Haaptroll am Film The Invisible Man, vum James Whale. Duerno war hien a villen Hollywoodfilmer ze gesinn. Bekannt ass hie besonnesch duerch d'Roll vum Policechef Renault am Film Casablanca vum Michael Curtiz aus dem Joer 1942.
Aner bekannt a bedeitend Rollen huet hien a Filmer wéi The Adventures of Robin Hood (1938) vum Michael Curtiz a William Keighley mam Errol Flynn, Mr. Smith Goes to Washington (1939) vum Frank Capra mam James Stewart, Notorious (1946) vum Alfred Hitchcock mam Cary Grant an Ingrid Bergman an a Lawrence of Arabia (1962) vum David Lean mam Peter O'Toole an Alec Guinness gespillt.
Filmographie
ännerenKino
ännerenvun 1920 bis 1939
änneren- 1920: Build Thy House, vum Fred Goodwins
- 1933: The Invisible Man, vum James Whale mam Gloria Stuart
- 1934: Crime Without Passion, vum Ben Hecht an Charles MacArthur
- 1934: The Man Who Reclaimed His Head, vum Edward Ludwig mam Joan Bennett a Lionel Atwill
- 1934: Mystery of Edwin Drood, vum Stuart Walker
- 1935: The Clairvoyant, vum Maurice Elvey mam Fay Wray
- 1935: The Last Outpost, vum Charles Barton a Louis J. Gasnier mam Cary Grant
- 1936: Anthony Adverse, vum Mervyn LeRoy mam Fredric March an Olivia de Havilland
- 1936: Hearts Devided, vum Frank Borzage mam Marion Davies an Dick Powell
- 1937: Stolen Holiday, vum Michael Curtiz mam Kay Francis
- 1937: The Prince and the Pauper, vum William Keighley mam Errol Flynn
- 1937: They Won't Forget, vum Mervyn LeRoy
- 1938: Gold Is Where You Find It, vum Michael Curtiz mam Olivia de Havilland
- 1938: The Adventures of Robin Hood, vum Michael Curtiz a William Keighley mam Errol Flynn an Olivia de Havilland
- 1938: White Banners, vum Edmund Goulding mam Jackie Cooper
- 1938: Four Daughters, vum Michael Curtiz mam John Garfield
- 1938: They Made Me a Criminal, vum Busby Berkeley mam John Garfield
- 1939: Juarez, vum William Dieterle mam Paul Muni a Bette Davis
- 1939: Sons of Liberty, vum Michael Curtiz (Kuerzfilm)
- 1939: Daughters Courageous, vum Michael Curtiz mam John Garfield
- 1939: Mr. Smith Goes to Washington, vum Frank Capra mam James Stewart an Jean Arthur
- 1939: Four Wives, vum Michael Curtiz mam Priscilla Lane
vun 1940 bis 1949
änneren- 1940: Saturday's Children, vum Vincent Sherman mam John Garfield
- 1940: Lady with Red Hair, vum Kurt Bernhardt mam Miriam Hopkins
- 1941: Four Mothers, vum William Keighley
- 1941: Here Comes Mr. Jordan, vum Alexander Hall mam Robert Montgomery
- 1941: The Wolf Man, vum George Waggner mam Lon Chaney Jr. a Ralph Bellamy
- 1942: Kings Row, vum Sam Wood mam Ann Sheridan a Ronald Reagan
- 1942: Moontide, vum Archie Mayo mam Jean Gabin an Ida Lupino
- 1942: Now, Voyager, vum Irving Rapper mam Bette Davis a Paul Henreid
- 1942: Casablanca, vum Michael Curtiz mam Humphrey Bogart an Ingrid Bergman
- 1943: Forever and a Day, vum Edmund Goulding, Cedric Hardwicke, Frank Lloyd, Victor Saville, Robert Stevenson, Herbert Wilcox a René Clair
- 1943: Phantom of the Opera, vum Arthur Lubin mam Nelson Eddy
- 1944: Passage to Marseille, vum Michael Curtiz mam Humphrey Bogart a Michèle Morgan
- 1944: Mr. Skeffington, vum Vincent Sherman mam Bette Davis
- 1945: Strange Holiday, vum Arch Oboler
- 1945: This Love of Ours, vum William Dieterle mam Merle Oberon
- 1945: Caesar and Cleopatra, vum Gabriel Pascal mam Vivien Leigh a Stewart Granger
- 1946: Notorious, vum Alfred Hitchcock mam Cary Grant an Ingrid Bergman
- 1946: Angel on My Shoulder, vum Archie Mayo mam Paul Muni an Anne Baxter
- 1946: Deception, vum Irving Rapper mam Bette Davis a Paul Henreid
- 1947: The Unsuspected, vum Michael Curtiz mam Joan Caulfield
- 1949: The Passionate Friends, vum David Lean mam Ann Todd an Trevor Howard
- 1949: Song of Surrender, vum Mitchell Leisen mam Wanda Hendrix
- 1949: Rope of Sand, vum William Dieterle mam Burt Lancaster a Paul Henreid
vun 1950 bis 1959
änneren- 1950: Where Danger Lives, vum John Farrow mam Robert Mitchum a Faith Domergue
- 1950: The White Tower, vum Ted Tetzlaff mam Glenn Ford an Alida Valli
- 1951: Sealed Cargo, vum Alfred L. Werker mam Dana Andrews
- 1952: The Man Who Watched Trains Go By, vum Harold French mam Marius Goring a Märta Torén
- 1956: Lisbon, vum Ray Milland mam Ray Milland a Maureen O'Hara
- 1959: This Earth Is Mine, vum Henry King mam Rock Hudson an Jean Simmons
vun 1960 bis 1963
änneren- 1960: The Lost World, vum Irwin Allen mam Michael Rennie an Jill St. John
- 1960: Il pianeta degli uomini spenti, vum Anthony Dawson mam Umberto Orsini
- 1962: Lawrence of Arabia, vum David Lean mam Peter O'Toole an Alec Guinness
- 1963: Twilight of Honor, vum Boris Sagal mam Richard Chamberlain
- 1963: The Greatest Story Ever Told, vum George Stevens mam Max von Sydow a Carroll Baker
Um Spaweck
ännerenCommons: Claude Rains – Biller, Videoen oder Audiodateien |