Amateurastronom
Amateurastronome beschäftege sech aus reng naturwëssenschaftlechen an net professionellem Intressi mat der Astronomie.
Si schaffen op follgende Gebidder:
- Observatioun a Fotografie vu groussen Objete vum Sonnesystem
- besonnesch déi grouss Planéiten an hir Mounden
- Observatioun vun der Sonn, Auswäertung vun der Sonnefleckenaktivitéit
- Observatioun vun der Äerdmounduewerfläch a vun opfällege Verännerungen
- Observatioun vu Klengplanéiten (Asteroiden) a Koméiten, souwéi hir Bunnbestëmmung
- Observatioun vu spezielle Phenomeener am Sonnesystem
- Observatioun vu Meteoren, Auswäertung vu Meteorstréim
- Opstelle vu Moundrandprofiller duerch Miessung vu Stärebedeckungen
- Observatioun vu Stärebedeckungen duerch Planéiten a Klengplanéiten. Stärebedeckungen duerch Klengplanéite si fir Fachastronome wäertvoll: Doraus loosse sech Gréisst a Form schléissen
- Observatioun a Bunnbestëmmung vun Aerdsatelliten an hiren erneiten Antrëtt an d'Äerdatmosphär
- Observatioun a Fotografie vun Deep-Sky-Objeten (Objete baussenzeg vun eisem Sonnesystem), woubäi do verschidde Veräiner an Ënnergruppen existéieren:
- fir Duebelstären a Stärekéip
- Astrofotografie vun der Mëllechstrooss, Gasniwwelen, Planetaresch Niwwelen, Quasaren a Galaxien
- Observatioun an Auswäertung vu Liichtkurve vu verännerleche Stären
- Opstellen an Auswäertung vu Stärespektren (Spektroskopie)
- Eegebau vun Teleskopen
- Spigelschläifen, Konstruktioun vu Montéierungen asw.
- Geschichtsfuerschung um Gebitt vun der Astronomie
- Didaktesch Aarbechten, wéi Féierungen an Observatoiren
- populärwëssenschaftlech Virträg a Seminairen
- Organisatioun vu Jugendcampen a vun Observatiounskampagnen
Amateurastromen hunn dacks Privatobservatoirë mat leeschtungsstaarken Teleskopen. Duerch Uwennung vun CCD-Technik, liichtempfindlechen Webcams a computerënnerstëtzte Bildbeaarbechtungen hunn Amateuren an der Tëschenzäit Resultater, déi nach virun engem Joerzéngt nëmme grousse Fuerschungsobservatoire virbehale waren.
Eng Abberzuel vun Asteroiden a Koméite si vun Amateurastronomen entdeckt ginn.
Ee weltwäit bekannten Amateurastronom ass den Englänner Patrick Moore, dee vill Bicher iwwer d'Astronomie publizéiert huet an zanter dem Joer 1957 eng astronomesch Sendung bei der BBC moderéiert. Vill gutt Fachbicher an aner Publikatioune stame vun Amateuren, ënner hinnen ze fanne sinn: de Bruno Bürgel, Rudolf Brandt, Hermann Mucke, Günther Roth an den Oswald Thomas.
Amateurastronome sinn dacks a Veräiner organiséiert. Si beschäftege sech dobäi dacks an Observatoiren oder a Planetarien.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Amateurastronom – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Vereinigung der Sternfreunde e. V. (VdS) – Gréissten däitsche Veräin vun Amateurastronomen
- (de) Ëisträicheschen Astroveräin
- (de) Schwäizer Astr.Gesellschaft
- (de) Astronomie.de – Treffpunkt fir Astronomie
- (de) Space-Agents, eng Grupp vun Amateurastronomen aus der Regioun Karlsruhe, Rastatt, Nordbaden a Südpfalz
- (de) privat Sternwart an NRW-OWL
- (lb) + (en) + (de) Lëtzebuerger Amateurastronomen