12. Arrondissement vu Paräis
ee vun den 20 Stadbezierker vu Paräis
Den 12. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de Reuilly) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis.
Quartieren |
Bel-Air, Picpus, Bercy, Quinze-Vingts |
---|---|
Buergermeeschter | Catherine Baratti-Elbaz |
Awunner | 140.954 |
Fläch | 6,38 km² |
Postcode | 75012 |
INSEE-Code | 75112 |
Koordinaten | 48°50'26,91"N, 2°23'17,46"O |
Geographesch Lag
ännerenDen 12. Arrondissement läit am Süd-Oste vun der Stad an ass den éischten Arrondissement um rietsen Uwänner vun der Seine. E grenzt am Norden un den 11. an den 20. an am Süden un den 2. Arrondissement an un d'Seine. Am Oste leien d'Gemenge Saint-Mandé a Charenton-le-Pont.
Mam Bois de Vincennes huet den Arrondissement eng Fläch vu 16,32 km2 an ass domat den zweetgréissten Arrondissement vu Paräis.
Quartieren
ännerenWéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:
- 45. Quartier du Bel-Air
- 46. Quartier de Picpus
- 47. Quartier de Bercy
- 48. Quartier des Quinze-Vingts
Biller
änneren-
D'Gare de Lyon
-
De Police-Kommissariat vum 12. Arrondissement
-
D'Monument Le triomphe de la République
-
De Stahly-Buer am Bois de Vincennes
-
E Weier am Bois de Vincenens
Kuckeswäertes
ännerenKleng Auswiel:
- Bassin de l'Arsenal
- Cinémathèque française
- Gare de Lyon
- Bastille-Operenhaus
- AccorHotels Arena (fréier Palais Omnisports de Paris-Bercy)
- Palais de la Porte-dorée
- Viaduc des arts
- Bercy Village
Um Spaweck
ännerenCommons: 12. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren