Piazza della Signoria
D'Piazza della Signoria ass (mat der Piazza del Duomo) eng vun de wichtegsten a bekanntste Plaze vu Florenz, wann net vun Italien. Op hir stinn eng Rëtsch dichteg Gebaier, wéi de Palazzo Vecchio (och Palazzo de la Signoria genannt), dee fréier de Sëtz vun der Stadherrschaft war, an haut d'Gemengenhaus ass, an d'Uffizien,haut ee vun de wichtegste Konschtmuséeë vun der Welt. Aner Gebaier sinn d'Loggia dei Lanzi, den Tribunale della Mercanzia (vun 1359), de Palazzo Uguccioni (1550), sou wéi de Palazzo delle Assicurazioni Generali, en Neo-Renaissance-Gebai vun 1871.
Op der Piazza della Signoria huet 1497 den Dominikanerpater Savonarola e sougenannt Feegfeier vm Houfert ugefaangen, an deem e Luxusartikele verbrannt huet; dat Joer drop, den 23. Mee, war et hie selwer, deen do op duerch Verbrennen higeriicht gouf.
Op der a ronderëm d'Plaz stinn eng ganz Rëtsch Skulpturen:
- den Neptun-Buer vum Bartolomeo Ammannati, aus dem Joer 1575;
- eng bronze Reiderstatu vum Giambologna (1594), déi de Cosimo I de' Medici duerstellt;
- eng Replik aus dem 19. Jh. vum Michelangelo sengem David (d'Original steet an der Accademia dell'Arte del Disegno;
- Replike vum Donatello sengem Judith & Holofernes an dem Bandinelli sengem Herkules & Cacus).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Piazza della Signoria – Biller, Videoen oder Audiodateien |