Nothing Special   »   [go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

D. H. Lawrence

Vu Wikipedia
D. H. Lawrence
Gebuertsnumm David Herbert Richards Lawrence
Pseudonym Lawrence H. Davison
Gebuer 11. September 1885
Gestuerwen 2. Mäerz 1930
Vence
Doudesursaach Tuberkulos
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Universitéit vu London
Aktivitéit Dramatiker, Iwwersetzer, Schrëftsteller, Dichter, Romancier, Moler, Dréibuchauteur, Literaturkritiker
Famill
Bestuet mat Frieda von Richthofen

Den David Herbert Lawrence, gebuer den 11. September 1885 zu Eastwood, am Nottinghamshire, a gestuerwen den 2. Mäerz 1930 zu Vence, a Frankräich, war en englesche Schrëftsteller.

De Lawrence huet nieft Romaner och Gedichter, Essayen, Reesreportagen an Texter fir Theaterstécker geschriwwen. Ausserdeem huet hie vun 1926 u gemoolt. Vill vu senge Wierker hunn en autobiographesche Bezuch an thematiséieren d'Relatiounen tëscht Mann a Fra. Well hien dem Eroteschen a Sexuellen an de Bezéiungen eng wichteg Roll zougemooss huet, an dat och geschriwwen huet, ware seng Wierker z. D. staark kontroverséiert a goufe souguer verbueden, well se onmoralesch wieren. Seng bekanntst Romaner si Sons and Lovers a Lady Chatterley's Lover, wourann et ëm eng onglécklech bestuete Fra geet, déi hiert heemlecht Gléck bei engem Bëschaarbechter fënnt.

Hien ass mat 44 Joer un Tuberkulos gestuerwen.

Wierker (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • The White Peacock. 1911
  • The Trespasser. 1912
  • Sons and Lovers. 1913
  • The Rainbow. 1915
  • Women in Love. 1920
  • The Lost Girl. 1920
  • Mister Noon. 1921.
  • Aaron's Rod. 1922
  • Kangaroo. 1923
  • The Plumed Serpent. 1926
  • Lady Chatterley's Lover. 1928.
  • A Collier's Friday Night. 1907.
  • The Daughter in Law. 1912.
  • The Fight for Barbara. 1912.
  • The Married Man. 1912.
  • The Merry-go-round. 1912.
  • The Widowing of Mrs Holroyd. 1914.
  • Touch and Go. 1920.
  • David. 1926.

Reesereportagen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Twilight in Italy, 1916
  • Sea and Sardinia, 1921
  • Mornings in Mexico, 1927
  • Etruscan Places, 1932
  • Richard Aldington: D. H. Lawrence in Selbstzeugnissen und Bilddokumenten. Rowohlt, Reinbek 1961.
  • A. Arnold: D. H. Lawrence. Ullstein, Berlin 1972.
  • Anthony Burgess: D. H. Lawrence. Ein Leben in Leidenschaft. Kellner Verlag, Hamburg 1990.
  • John Worthen: D. H. Lawrence: the life of an outsider. Penguin Books, London u. a. 2006, ISBN 0-14-100731-1.
Commons: D. H. Lawrence – Biller, Videoen oder Audiodateien